Hiefenech weist mat Victoire zu Mamer eng staark Reaktioun

© Emile Mentz / RTL Archivbild
Um Dënschdeg war den Optakt vum drëtte Spilldag bei den Hären am Ofstigsgrupp.
No der enttäuschender 59:79-Néierlag géint d'Musel Pikes leschte Samschdeg konnt Hiefenech um Dënschdeg reagéieren an sech auswäerts mat 102:99 zu Mamer duerchsetzen.
De Match war haart ëmkämpft, Mamer ass duerch e spektakuläre Buzzer-Beater vum Profi Jacob Hilmer vun der Mëttellinn mat engem 56:50 Virsprong an d'Paus gaangen. D'Gäscht hunn d'Féierung am drëtte Véierel nees iwwerholl a sech an enger spannender Schlussphas knapp behaapt. De James Weatherspoon konnt mat 34 Punkten iwwerzeegen, de Philippe Arendt (14), Tom Schomer (12) a Max Schmit (12) hunn och zweestelleg gescort fir d'Gäscht.
Duerch des Victoire sammelt Hiefenech zwee wichteg Punkten a bleift an enger gudder Ausgangspositioun fir déi zweete Plaz an der Tabell ze erreechen. Um Mëttwoch spillen d'Musel Pikes géint den Tabelleleschte Munneref. Falls Munneref des Partie verléiert, fält de Club an d'Nationale 2.