D'Special Olympics bidden e Sportprogramm mat spezifeschen Aktivitéiten un
Fir d'Kanner mat spezifesche Besoinen ideal ze encadréieren, brauch een eng grouss Unzuel u Benevollen. Ronn 100 Fräiwëlleger ware fir 200 Kanner aktiv.
All sportlech Aktivitéit fänkt mat engem Opwiermprogramm un. Dat war och e Mëttwoch de Moien um Young Athletes Day de Fall. Studenten aus zwou Klassen aus dem Sportslycée hunn ofwiesselend fir d'Animatioun gesuergt a Kanner mat spezielle Bedürfnisser aus verschidden Zentren hunn d'Übungen nogemaach. An do si mer och scho beim Thema Inclusioun.
D'Schüler goufe schonn am Virfeld op d'Renconter mat Kanner mat spezielle Bedürfnisser virbereet. D'Erfarung um Terrain ass nämlech dat Allerwichtegst.


































































































































D'Special Olympics bidden d'Woch iwwer e Sportprogramm mat spezifeschen Aktivitéiten un. Aus hirer Siicht wier awer den Idealfall, dass d'Kanner a Jugendlecher keng Deplacementer misste maachen, fir op den Training ze kommen, mä dass dëst an de Veräiner virun der Hausdier géif geschéien, an domadder wier dann och d'Dir op fir eng méiglech Inclusioun.
Déi grouss Zuel vu Benevollen, déi gebraucht gëtt, fir d'Kanner ze begleeden, stécht an d'Aen. Zirka 100 Benevoller fir 200 Kanner. Si huelen d'Motivatioun fir hiren Asaz ënner anerem aus der Freed vun de Kanner, déi ustiechend ass.
Déi Responsabel géife sech och freeën, wann duerch des Aktivitéit deen een oder aneren de Wee an d'Special Olympics géif fannen.