Mega Distanzschëss - Déi schéinst Goler vum 22. Spilldag aus der Éierepromotioun
Andréck vum 22. Spilldag vun der zweethéchster Divisioun am Lëtzebuerger Futtball.
Sämtlech Matcher vun der Éierepromotioun kënnt Dir jo an der RTL Live Arena kucken – natierlech live an dono och am Replay op RTL PLAY (bis bei d'Live Arena erofscrollen).
Och dës Woch weise mer Iech nees déi schéinste Goler vum Weekend aus der RTL Live Arena. Et war e Festival u Wäitschëss an eng ganz flott Eenzelaktioun, fir d'éischt diffuséiert an eiser Futtballsemissioun Goal um Méindeg den Owend op der Tëlee.
Déi sechs flott Goler sinn aus dëse Partien (allkéiers mam Schlussresultat hannendrun):
Steesel - Walfer 2:0 (komplette Match an der Live Arena)
Sandweiler - Miersch 0:4 (komplette Match an der Live Arena)
Luxembourg City - Schëffleng 3:1 (komplette Match an der Live Arena)
Mamer - Berbuerg 4:2 (komplette Match an der Live Arena)
Rëmeleng - Ettelbréck 1:3 (komplette Match an der Live Arena)
Beggen - Biissen 1:1 (komplette Match an der Live Arena)
Hei geet et bei den 22. Spilldag an der Éierepromotioun.
An der RTL Live Arena fannt Dir nieft de Matcher vun der Éierepromotioun natierlech och nach e sëllegen aner Sportaarten: Basketball, Handball, Volleyball ...
Hei de komplette Programm vun den nächsten Deeg an och de Replay.