Ettelbréck steet an der Finall, Diddeleng erzwéngt en drëtte Match géint Steesel

© Shari Schenten
Um Mëttwoch stoung an den Halleffinalle bei den Hären den zweete Match um Programm.
Hei konnt sech déi stäerksten Ekipp aus der regulärer Saison, Etzella Ettelbréck, als éischt Ekipp fir d'Finall qualifizéieren. Auswäerts wënnt d'Etzella mat 89:75 an der Fiels a setzt sech domat an der Best-of-3-Serie 2:0 duerch. D'Lokalekipp huet missen op de Profispiller Lindsey verzichten an ass domat ersatzgeschwächt an d'Partie gaangen. De jonken Edson De Sousa Silva huet mat staarken Aktiounen dofir gesuergt, dass d'Fiels an der éischter Hallschecht mam Géigner mathale konnt. Am drëtte Véierel hu sech d'Gäscht lues a lues ofgesat a wannen um Enn souverän. Den Jimmie Taylor konnt 26 Punkte markéieren, de Philippe Gutenkauf (19 Punkten) a säi Brudder Frédéric (17) hu wichteg Impulser gi bei de Gäscht.
Den T71 Diddeleng gläicht d'Serie géint de Champion Amicale Steesel 1:1 aus an erzwéngt en drëtte Match e Samschdeg zu Steesel. D'Lokalekipp huet an der éischter Hallschecht 8 Dräier getraff a louch an der Paus mat 49:32 a Féierung. No der Paus huet sech eng spannend Partie entwéckelt, déi an der Schlussphas entscheet gouf. Steesel konnt sech bis op 5 Punkten erukämpfen, Diddeleng hat awer zum Schluss déi besser Nerven a wënnt mat 96:88. Steesel huet an der zweeter Hallschecht ouni de Bob Melcher gespillt, dee sech kuerz virun der Paus blesséiert hat. Beim T71 koum den Edward Colbert op 31 Punkten, de Christopher Jack huet 17 Punkten zur Victoire bäigesteiert.