Barcelona féiert Dortmund vir, PSG dréint Match géint Aston Villa

© AFP
E Mëttwoch den Owend war et d'Suite vun de Véierelsfinallen an der Futtball-Champions-League.
An der Champions League huet Barcelona den Allersmatch vun de Véierelsfinalle géint Borussia Dortmund dominéiert an héich verdéngt gewonnen. De BVB konnt um Enn frou sinn, datt d'Defaite net nach méi héich wéi 0:4 ausgefall ass. An der zweeter Partie vum Owend ass och de PSG senger Favoritteroll gerecht ginn an huet sech mat 3:1 géint Aston Villa behaapt.
Barcelona féiert Dortmund vir
Barcelona huet Dortmund vun Ufank u Probleemer gemaach. Et huet dann och net laang gedauert, bis d'Ekipp vum Hansi Flick zu éischte Chancë komm ass. An der 25. Minutt huet alles gepasst an de Raphinha huet no enger Standardsituatioun den 1:0 fir seng Ekipp markéiert. Bis d'Paus ass de BVB besser an de Match komm an hat och déi eng oder aner Chance, ma bei deene sollt et bleiwen.
No der Paus huet Barca nees d'Gesiicht aus der Ufanksphas gewisen a konnt direkt noleeën. No Viraarbecht vu Yamal a Raphinha huet de Lewandowski dat ronnt Lieder iwwer d'Linn gedréckt. Domadder stoung et 2:0 fir d'Lokalekipp. Barcelona huet weider gedréckt an huet sech Chance ëm Chance erausgespillt. No engem Schoss vum Fermin widder de Potto huet de Lewandowski an der 66. Minutt op 3:0 gesat. Barcelona huet de BVB elo deels virgefouert an do sollt et och net laang bis zum 4:0 daueren. Deen huet de Yamal an der 77. Minutt geschoss. Um Enn sollt et bei deem Score bleiwen.
PSG dréint Match géint Aston Villa
An der zweeter Partie vum Owend stounge sech de PSG an Aston Villa fir d'éischt Kéier iwwerhaapt géintiwwer. Déi Paräisser sinn als franséische Champion als klore Favorit an d'Partie gaangen an hu vun Ufank un och den Toun uginn. Ma et war awer déi géigneresch Ekipp, déi den éischte Gol vum Owend markéiert huet. An der 35. Minutt huet de Rogers de bis dohin eenzeg geféierleche Konter vun Aston Villa genotzt, fir seng Faarwen a Féierung ze bréngen. D'Ekipp vum Luis Enrique huet sech vum Gol awer net veronséchere gelooss an huet nach virun der Paus duerch den Doué op 1:1 ausgeglach.
Nom Téi huet de PSG weider den Toun uginn. An der 49. Minutt ass de franséische Champion duerch en Dramgol vum Kvaratskhelia mat 2:1 a Féierung gaangen. Och duerno hunn Dembelé a Co net labber gelooss, hunn de Ball schéin an den eegene Reien dréine gelooss an d'Gäscht hu Konter ëm Konter missen iwwer sech ergoe loossen. De PSG huet aus der Dominanz awer kee richtegt Kapital geschloen, well déi néideg Präzisioun um Enn gefeelt huet. An de leschte Sekonne konnt dunn awer nach den Nuno Mendes op 3:1 setzen.
D'Retourmatcher ginn en Dënschdeg gespillt.
All d'Resultater am Iwwerbléck
Klickt hei, fir op d'Resultater, d'Statistiken an d'Ekippe vun der Champions League ze kommen.