Mariya Klein-Shkolna ass bei de World Games a China mat dobäi

© COSL via Facebook (Archiv)
Déi 27 Joer jonk Compound-Spezialistin ass déi éischt Lëtzebuerger Bouschéisserin, déi sech fir d'World Games qualifizéiert huet.
Op der Europameeschterschaft zu Essen an Däitschland d'lescht Joer hat d’Mariya Klein-Shkolna d’Bronzmedail am Eenzel an eng vun deenen dräi Quoteplaze fir d’World Games op der EM knapp verpasst. Déi aktuell Nummer 13 vun der Welt konnt sech awer elo iwwer d’Weltranglëscht eng vun 10 Quoteplaze sécheren an ass domadder tëscht dem 7. a 17. August zu Chengdu a China mat dobäi.
E Mëttwoch koum dunn awer nach eng weider gutt Nouvelle. D’Compound-Mixte-Disziplin ass an den olympesche Programm opgeholl ginn. Zesumme mam Gilles Seywert hofft d'Mariya Klein-Shkolna, an dräi Joer zu Los Angeles an den USA mat dobäi ze sinn.
Den Duo gehéiert zur Weltspëtzt a konnt op deene leschten internationale Competitioune gutt Prestatioune weisen. D’lescht Joer ass op der EM zu Essen eng 4. Plaz dobäi erausgesprongen. 2023 konnt sech de Bouschéisser-Dubbel Seywert/Klein-Skholna op der Weltmeeschterschaft iwwer d’Bronzmedail freeën.