Handball
Adel Rastoder bleift bei de BT Füchse

Den Adel Rastoder (27) am Trikot vun der FLH-Formatioun. / © Emile Mentz (Archive)
De Lëtzebuerger Nationalspiller bleift domadder weider an der éischter éisträichescher Liga.
De 24 Joer ale Lëtzebuerger Nationalspiller Adel Rastoder huet säi Kontrakt beim Veräin aus der éischter éisträichescher Liga ëm ee Joer verlängert. Dat huet säi Club aus der Géigend vu Graz op de soziale Medie bekannt ginn.
Den Adel Rastoder ass 2023 aus der drëtter däitscher Liga vu Saarlouis bei BT Füchse gewiesselt. Bis 2020 war hie fir den Handball Esch am Asaz.
Fir d'Lëtzebuerger Handball-Nationalekipp huet de Rastoder an 18 Matcher 20 Goler geschoss.
Am meeschte gelies