Aus dem Basket ass et d'Nouvelle, dass de Bob Melcher vun der Amicale Steesel e Schlussstréch ënner seng Karriär zitt.

Dat huet de Veräin um Mëttwoch matgedeelt. De laangjärege Nationalspiller, dee bis op kuerz Zäit beim Stater Racing seng ganz Karriär zu Steesel gespillt huet, ass e Samschdeg mat Steesel an der Halleffinall vum T71 Diddeleng eliminéiert ginn. Den 30 Joer ale Melcher war ouni Zweiwel ee vun de stäerkste Spiller am nationale Championnat déi lescht Joren.

D'Härenekipp vu Steesel wäert weiderhi vum Portugis Daniel Brandao trainéiert ginn, dogéint verléisst den Dammentrainer Erny Gruskovnjak de Veräin.