Déifferdeng ass fir zweet noenee Champion
Den FCD03 huet e Samschdeg den Owend zu Rouspert mat 2:0 gewonnen a verdeedegt domat säin Titel.
Déifferdeng kréint deemno 5 Matcher viru Schluss eng dominante Saison. An bis elo gespillte 25 Matcher huet d'Ekipp ronderëm den Trainer Pedro Resende ganzer 23 Matcher gewonnen, dat bei engem Gläichspill an nëmmen engem verluerenem Match, beim 0:1 géint de Racing am Dezember 2024. Fir den FC Déifferdeng ass et nom leschte Joer den 2. Championstitel säit der Fusioun.
Virun allem an der éischter Hallschent huet sech Déifferdeng viru 440 Spectateure schwéier gedoe géint eng defensiv kompakte Rousperter Ekipp. Marques a Co. hu virun eegenem Public d'Raim immens enk gehalen, sou dass d'Offensiv vum FCD03 keng Chance hat un d'Rullen ze kommen. Sollten si de Wee awer mol Richtung Gol fannen, war spéitstens beim Rousperter Schlussmann Feierowend. Nom Säitewiessel sollt Déifferdeng den Drock awer spierbar erop schrauwen. Den El Idrissi huet seng Faarwen an der 68. Minutt a Féierung geschoss. 7 Minutte mei spéit sollt de Buch mam 2:0 fir d'Virentscheedung suergen an d'Spectateuren déi et mat den Déifferdenger gehalen hu konnten ufänken ze feieren. Um Socre sollt sech an der Schlussphase näischt mei doen. Déifferdeng steet deemno verdéngt als neie Lëtzebuerger Champion fest.
Tëscht der Jeunesse Esch an dem FC Wolz gouf et kee Gewënner. Béid Ekippen trennen sech 1:1-Gläich.
Hueschtert gewënnt mat 2:1 géint Munneref a behält déi 3 Punkten am Gréngewald. Nom 0:1 Réckstand huet d'Lokalekipp bannent 5 Minutten de Match konnten dréinen. An der Tabell steet Hueschtert elo nach 2 Punkten hannert Munneref.
De Progrès Nidderkuer huet sengersäits e ganz wichtegen Dräier géint den F91 Diddeleng agefuer. Diddeleng huet sech offensiv d'Zänn un der Nidderkuerer Defense ausgebass iwwerdeems de Gerson an der 61. Minutt den decisive Gol markéiere konnt. Mat dëser Victoire spréngt Nidderkuer op déi 3. Plaz an der Tabell a steet elo just nach 1 Punkt hannert dem F91. Domat ass een an der Lutte em déi international Platzen nach voll dobäi.
Stroossen ka sech duerch zwee Goler vum Nogueira Albuquerque De Souza M. mat 2:1 zu Hesper duerchsetzen a steet elo 2 Punkten hannert dem F91 an der Tabell. Dat versprécht deemno nach eng interessant Schlussphas am Renne fir déi Europäesch Plazen ze ginn.
Am leschte Match vum Dag muss sech Beetebuerg doheem mat 1:2 géint Rodange geschloe ginn.
Den Detail vun all de Matcher kënnt Dir am RTL-Ticker noliesen.
Den Iwwerbléck vun de Resultater mat de GolerVictoria Rouspert - FC Déifferdeng 0:2
0:1 El Idrissi (68'), 0:2 Buch (75')
Jeunesse Esch - FC Wolz 1:1
1:0 Klica (36'), 1:1 Biver (62')
US Hueschtert - US Munneref 2:1
0:1 Kumbi (56'), 1:1 Avdusinovic (79'), 2:1 Ahmeti (84')
Progrès Nidderkuer - F91 Diddeleng 2:1
1:0 Natami O. (28'), 1:1 Lima (45+1'), 2:1 Gerson (61')
Swift Hesper - Una Stroossen 1:2
0:1 Nogueira Albuquerque De Souza M. (16'), 1:1 David F. (20'), 1:2 Nogueira Albuquerque De Souza M. (45+1')
SC Beetebuerg - FC Rodange 1:2
0:1 Atieda S. (33'), 0:2 Montantin Y. (67'), 1:2 Yala Lusala (90+2')