Magaly Meynadier a Saarlouis si Vize-Champion an Däitschland

© RTL-Archiv
Um Freideg huet d'Magaly Meynadier mat Saarlouis den 3. Match vun der Finall vum däitsche Basket-Championnat gespillt.
Hei konnt sech Keltern mat 76:62 zu Saarlouis duerchsetzen an domat 3:0 an der "Best-of-Five" Serie gewannen. Nom Coupe-Titel virun e puer Wochen huet Saarlouis domat den Doublé verpasst a schléisst eng staark Saison als Vize-Champion of.
D'Nationalspillerin huet um Freideg 2 Punkten a ronn 20 Minutte Spillzäit markéiert, am Laf vun der Saison konnt d'Lëtzebuergerin mat ganz staarke perséinleche Leeschtungen iwwerzeegen.
Anne Simon an der Halleffinall eliminéiert
Fir d'Anne Simon ass d'Saison e Mëttwoch op en Enn gaangen, dat mat enger Néierlag vu San Martino an der Halleffinall vum Championnat an Italien. An hirer éischter Saison als Profispillerin konnt d'Nationalspillerin duerchaus iwwerzeegen. Am Dezember gouf si zur Spillerin vum Mount an der éischter italieenescher Liga gewielt, donieft konnt si hiert Potential mat staarke Matcher iwwer d'ganz Saison ënner Beweis stellen.