Um Donneschdeg stoung zu Biekerech déi 21. Editioun vum Semi-Marathon um Programm.

Den éischte Mee ass fir vill Leit en Dag fir sech zeréck ze leeën a sech vun der Schaff ze erhuelen. Ma net fir déi iwwert 400 Leefer déi sech um Donneschdeg zu Biekerech fir den traditionelle Semi-Marathon ugemellt haten. Bei deem schéine Wieder goufen si pünktlech um 10 Auer op déi 21 Kilometer laang Streck geschéckt. Nieft dem Sportleche spillt och d’Organisatioun vu sou engem Evenement eng wichteg Roll. Deemno waren eng ronn 200 Fräiwëlleger aus verschiddene Clibb am Asaz. Elleng fir d’Ofséchere vun der Streck an de Ravitaillement vun de Leefer hunn de Moien eng Ronn 60 Fräiwëlleger eng Hand mat ugepaakt an hei waren och schonns déi jéngste mat vollem Asaz dobäi.

Et war e perfekten Dag fir sech dobaussen ze beweegen an alles huet mat gespillt, d’Wieder, d’Spectateuren an d’Leefer waren all mat vun der Partie. No 21 Kilometer konnt sech bei den Hären um Enn de Belsch Antoine Hosstelet mat enger Zäit vun enger Stonn an 23 Minutten duerchsetzen. Dat virum Tekle Hadera an dem Leefer op der 3. Plaz, an domadder éischte Lëtzebuerger dem Neil Peters.

Bei den Damme konnt Liz Nepper hier drëtt Victoire beim Biekerecher Semi-Marathon feieren, dat virum Steffi Peller an dem Faustine Freid. Nieft der Haaptcourse stoung um 1. Mee awer och ee 5-Kilometer-Laf an eng Kannercourse um Programm an och hei konnten een deen een oder aneren nach méi fir de Sport, an déi nächsten Editioun, begeeschteren.

Resultat Hären

1. Antoine Hosstelet 
2. Tekle Hadera
3. Neil Peters (éischte Lëtzebuerger)

Resultat Dammen

1. Liz Nepper (éischt Lëtzebuergerin)
2. Steffi Peller
3. Faustine Freid