Raphael Duarte an Elversberg no Victoire op Plaz 3 vun der 2. Bundesliga

© Arnaud Serexhe
An der zweeter Divisioun a Polen gouf et fir Stal Rzeszow mam Sébastien Thill eng däitlech Néierlag.
An der zweeter Bundesliga konnt Elversberg mam Co-Trainer Raphael Duarte d'Partie zu Nürnberg dréinen an um Enn mat 3:1 fir sech entscheeden. Bei zwee verbleiwende Spilldeeg steet een domat op Plaz 3, woumat een d'Relegatioun ëm den Opstig an d'Bundesliga spille géif.
An der drëtter Liga an Däitschland huet Aue sech 1:0 géint Ingolstadt behaapt. Den Tim Kips ass als Ersatzgolkipp vun Aue déi 90 Minutten op der Bänk bliwwen.
A Polen huet Rzeszow mam Sébastien Thill däitlech mat 0:5 bei LKS Lodz de Kierzere gezunn. D'Ekipp vum Lëtzebuerger, deen d'Ekipp als Kapitän op d'Feld gefouert huet, war bal eng ganz Hallschent an Ënnerzuel.
Fir NAC Breda gouf et an der hollännescher Eredivisie eng Defaite géint Zwolle. Mat 1:3 huet sech d'Ekipp vum Enes Mahmutovic misse geschloe ginn, woumat een de virzäitege Klassenerhalt verpasst. De Mahmutovic souz op der Bänk an ass net erakomm.
An der ieweschter Liga an der Ukrain gouf et een 1:1-Remis tëscht LNZ Cherkasy a Sorja Luhansk. Bei der Lokalekipp huet den Olivier Thill de ganze Match gespillt.
An der zweeter polnescher Divisioun gouf et fir Odra Opole auswäerts géint Miedz Legnica eng 1:2-Defaite. Den Edvin Muratovic souz bei de Gäscht op der Bänk a gouf no 76 Minutten agewiesselt.
Samschdeg
An der däitscher Bundesliga waren den Tiago Pereira an den Danel Sinani mat hire jeeweilegen Ekippen am Asaz. De Pereira souz beim spektakuläre 4:4 vu Gladbach géint Hoffenheim als Ersatzgolkipp 90 Minutten op der Bänk. Den Danel Sinani konnt dogéint net feieren. Géint Suttgart gouf et eng spéit 0:1-Néierlag, déi verhënnert huet, dass d'Hamburger de Maintient feiere konnten. De Sinani stoung an der Startformatioun, huet sech eng Giel Kaart gefaangen a gouf an der Nospillzäit ausgewiesselt.
An der zweeter Liga huet Köln e wichtege Schratt Richtung Bundesliga verpasst. Den Effzeh huet mam Ofstigskandidat Regensburg 1:1 gedeelt an ass elo Tabellenzweeten hannert dem Hamburger SV. Et huet een 3 Punkte Virsprong op den Drëtte Paderborn. De Mathias Olesen souz wärend 90 Minutten op der Bänk. Fir Regensburg bedeit dëst Resultat den Ofstig a Liga 3.
Benfica Lissabon setzt de Rival Sporting mat der 2:1-Victoire géint Estoril Praia ënner Drock an iwwerhëlt provisoresch d'Tabelleféierung. De Rekordmeeschter huet elo 78 Punkten um Kont. De Leandro Barreiro gouf an der 79. Minutt agewiesselt.
St. Pölten huet zwar keng Chancë méi op den Opstig, mee geet dofir net vun der Brems. Um véiertleschte Spilldag huet d'Ekipp vum Lëtzebuerger Dirk Carlson 4:2 géint d'zweet Ekipp vu Sturm Graz gewonnen a confirméiert domat seng steigend Tendenz aus de leschte Matcher. De Carlson war wéi gewinnt als lénksen Ausseverteideger ënnerwee a krut kuerz no der Paus d'Giel Kaart gewisen.
Ganz wichteg Punkte sammelt Union St. Gilloise am belschen Titel-Playoff. D'Ekipp vum Anthony Moris klappt de KRC Genk doheem 1:0 a bleift Tabellenéischten, ee Punkt virum FC Bruges. An der 19. Minutt hat St. Gilloise en Eelefmeter verschoss an et huet bis zur 67. Minutt gedauert, bis den decisive Gol gefall ass. Et bleiwen nach 3 Matcher ze spillen.
De Mica Pinto ass de Moment mat ZSKA Sofia am Playoff, fir an d'Conference League ze kommen, aktiv. Am 32. Match fir dës Saison konnt sech Sofia 3:0 bei PFC Beroe duerchsetzen a provisoresch déi éischt Plaz vun der Grupp iwwerhuelen. Si hu mat Plovdiv awer nach e staarke Konkurrent ëm déi lescht verbleiwend Plaz. De Mica Pinto gouf an der 86. Minutt ausgewiesselt.
An der bosnescher Liga huet FK Sarajevo kloer 4:0 bei Sloga Doboj gewonnen an huet gutt Chancen, op d'Saison op der drëtter Plaz ofzeschléissen. De Veräi vum Lëtzebuerger Mirza Mustafic wär domat an der Qualifikatioun fir d'Conference League an huet 7 Punkte Virsprong op de Véierten. De Mustafic stoung de ganze Match um Terrain trotz enger fréier Gieler Kaart.
Freideg
An der zweeter franséischer Liga huet den SC Bastia mat Guingamp 2:2 gedeelt. De Florian Bohnert stoung wärend der kompletter Spillzäit um Terrain a krut kuerz viru Schluss nach eng giel Kaart gewisen. Kuerz virdrun hat Guingamp den Ausgläich markéiert. Ee Spilldag viru Schluss ka Bastia net méi an d'Relegatioun kommen, fir nach an d'Ligue 1 opzesteigen.
De Seid Korac an FK Vojvodina krope sech 3 wichteg Punkten am Kampf ëm d'Conference-League-Plaz. Géint den direkte Konkurrent OFK Beograd gouf et eng 2:1-Victoire, bei där de Lëtzebuerger wärend 90 Minutten op der Bänk souz. Vojvodina zitt duerch dës Victoire elo laanscht Beograd an huet als Drëtten elo ee Punkt Virsprong.