No 20 Joer am Veräin
Trent Alexander-Arnold verléisst Liverpool

© AFP
Den Trent Alexander-Arnold wäert säi Kontrakt bei Liverpool, deen am Juni ausleeft, net verlängeren. Dat hunn d'Reds e Méindeg matgedeelt.
De 26 Joer alen Englänner gëtt zanter Méint mat Real Madrid a Kontakt bruecht a kéint deemno an der neier Saison an der spuenescher Haaptstad spillen, bis elo sinn dat awer Rumeuren. Den Alexander-Arnold gouf 2016 Profi an huet nieft dem Champions-League-Titel 2019 och zweemol den englesche Championnat gewonnen, nämlech 2020 an dës Saison.
Am meeschte gelies