Den HBK kënnt trotz enger 23:24-Néierlag an d'Finall ëm de Meeschtertitel bei den Dammen. Do treffe si op Diddeleng.

Zanter en Donneschdeg den Owend steet fest, wéi eng zwou Dammenekippen am nationalen Handball ëm de Championstitel kämpfen. Nodeems sech en Dënschdeg den Owend Diddeleng als éischt Ekipp fir d'Finall qualifizéiert hat, huet en Donneschdeg den Owend Käerjeng den zweeten Ticket geléist.

Käerjeng hat déi besser Ausgangspositioun. D’Ekipp aus der Brauereistad hat den éischte Match e Samschdeg knapp 29:27 gewonnen. Och wa si Déifferdeng am zweete Match 23:24 ënnerleeë waren, zéie si wéinst dem bessere Golverhältnis an d’Finall an. Déifferdeng huet ee Gol gefeelt, fir sech an d’Siwemeterschéissen ze retten. Soumat dierf d’Tina Welter nach zwee weider Matcher spillen, éier si hir Karriär un de berüümten Nol hänkt.

Et war d’Lokalekipp, déi de bessere Start an de Match hat an no 6 Minutte 6:1 vir louch – dat duerch jeeweils zwee Goler vun der Lily Melchior, Laura Melchior an der Sarah Kupke. Käerjeng huet e bësse gebraucht, fir an de Match ze fannen, konnt uschléissend awer no engem 4:0-Laf op 6:5 stellen. De Gäscht sollt et awer an der éischter Hallschent ni geléngen, gläichzestellen oder souguer d’Féierung ze iwwerhuelen. Beim Stand vun 9:10 an der 24. Minutt ware si am noosten drun.

Déifferdeng huet de Virsprong clever geréiert a konnt och op e puer Parade vun der Golkippesch Emeline Hoé zielen. Trotzdeem hunn d’Damme vum Trainer Michel Scheuren ze vill technesch Feeler an hiert Spill agestreet a sinn och méi wéi eng Kéier un der Käerjenger Golkippesch Maewa Huberty hänke bliwwen. De Score vu 15:12 an der Paus wär Déifferdeng duergaangen, fir an d’Finall ze kommen.

D’Maewa Huberty sollt an der zweeter Hallschent zum Garant fir d’Käerjenger Victoire avancéieren. Déi jonk Golkippesch konnt nom Säitewiessel méi wéi eng Dose Parade weisen an huet hir Ekipp domat am Spill gehalen. Vir haten déi Gréng weider Schwieregkeeten, duerch d’Déifferdenger Defense ze kommen a sinn dem Réckstand laang hannendru gelaf.

Bis an d’50. Minutt konnten d’Red Boys de Virsprong halen, mee duerno sinn hinnen hir vill technesch Feeler oder Feelwërf zum Verhängnis ginn. Tëscht der 47. a 54. Minutt ass de Roude kee Gol gelongen an d’Maewa Huberty huet si verzweiwele gelooss. Sou konnt Käerjeng an der 53. Minutt eng éischt Kéier zënter dem 0:0 ausgläichen a kuerz drop souguer eng Kéier iwwerhaapt duerch d’Tina Welter a Féierung goen.

An de leschte Sekonnen huet sech awer nach e Krimi entwéckelt. Déifferdeng konnt duerch en 3:0-Laf aus engem 21:23 nach e 24:23 maachen an hätt nach ee Gol fir d’Siwemeterschéisse gebraucht. De leschte Schoss gouf nees vun der Maewa Huberty paréiert, déi domat d’Victoire fir Käerjeng festgehalen huet.

Éischten offizielle Match an neier Hal

Et war den éischten offizielle Match, deen an der renovéierter Uewerkuerer Sportshal gespillt gouf, déi nom verstuerwene President vun der Red Boys, John Scheuren, benannt gouf. D’Gemeng Déifferdeng huet den Numm John Scheuren gewielt, well hien iwwer laang Joren d’Séil vum Handballveräin war an dacks d‘Roll vum Moderateur iwwerholl huet, fir Problemer ze léisen. De John Scheuren, de Brudder vum aktuellen Dammentrainer Michel Scheuren, hat 1974 seng éischt Lizenz bei der Red Boys gemaach a gouf 1986 Sekretär, éier hien 2016 de Poste vum President vum Gast Seil bis zu sengem Doud 2021 iwwerholl hat.

RTL

De John Scheuren (lénks) um Mikro vum Serge Olmo. / © Val Wagner (Archiv)