Den aktuellen Trainer vum Zweeten an der Bundesliga wäert déi nächst Saison net méi zu Leverkusen op der Bänk setzen.

Dat lescht Joer hat de Spuenier jo mat Leverkusen den Doublé gefeiert an der Werkself den éischte Bundesliga-Titel an hirer Geschicht geséchert. Eng Saison drop hu si zwee Spilldeeg viru Schluss keng Chance méi, fir Champion ze ginn, a waren och aus dem DFB-Pokal nach virun der Finall erausgeflunn.

De Vertrag vum Alonso géif zu Leverkusen nach bis 2026 goen, ma de Spuenier huet eng Klausel, fir éischter aus dem Vertrag ze kommen. Dofir ka Leverkusen awer e Montant am ënneschten zweestellege Milliouneberäich erwaarden.

Op enger Pressekonferenz e Freideg huet den Alonso seng Decisioun ëffentlech matgedeelt, nodeem hien och d'Spiller schonn driwwer informéiert hat. Domadder huet hien d'Gerüchter, datt hie Leverkusen wäert verloossen, confirméiert. Nach huet den Alonso awer nach net matgedeelt, wouhin d'Rees wäert goen. An de Sportsmedie gëtt spekuléiert, datt hien op Real Madrid, wou hie selwer gespillt huet, wäert goen an do d'Successioun vum Carlo Ancelotti kéint iwwerhuelen.

Als Successeur zu Leverkusen stinn aktuell wuel den Cesc Fabregas, Trainer vu Como 1907, an den Erik ten Haag, Ex-Trainer vu Manchester United, wuel ganz uewen op der Lëscht.