Meeschterdecisioun verréckelt - Hesper klappt de Racing

© Archiv
Um virleschte Spilldag konnt Hesper doheem 2:0 gewannen, de Racing huet weider 2 Punkten Avance. Entente Housen/FF Norden muss ofsteigen.
D'dësjäreg Titelverdeedegung gëtt fir de Racing net esou einfach. Um zweetleschte Spilldag hätt d'Decisioun fale kënnen, mee den Zweetplacéierten Hesper huet de Racing mat engem 2:0 heemgeschéckt. Hesper war dozou verdaamt, ze gewannen, well och e Gläichspill wär dem Swift net duergaangen, fir de Racing nach vum Troun ze stoussen. Sou kënnt et nächste Weekend zu engem Fernduell ëm d'Meeschterkroun. D'Ekipp vum Verluerekascht huet 2 Punkte Kreditt.
Ell huet sech duerch den 3:1 géint Jonglënster déi drëtt Plaz geséchert.
An der Ofstigsgrupp war e Samschdeg schonn de leschte Spilldag. Hei huet sech decidéiert, wien direkt ofsteigt a wien an d'Relegatioun muss. Well béid Kandidaten, d'Entente Housen/FF Norden a Mäertert-Waasserbëlleg, hir jeeweileg Matcher verluer hunn, bleift et bei der Ausgangskonstellatioun. Housen steet op der leschter Plaz a steigt direkt of, Mäertert-Waasserbëlleg ka sech nach an der Relegatioun retten. Den drëtte Match tëscht Déifferdeng an der Entente WMGB huet net stattfonnt, well WMGB Forfait erkläert hat.