De VCS klappt de Volley Bartreng 3:0 an dierf sech eng weider Kéier iwwer de Meeschtertitel freeën.

Nodeems et de Volley Bartreng et d'lescht Woch fäerdegbruecht hat, d'Serie Best of Three no engem 0:2 Réckstand am zweete Match, duerch en 3:2, nach emol ze relancéieren, konnt den Titelverdeedeger um Samschdegowend an der Bartrenger Hal den Deckel dropsetzen.

Saz 1: 20 - 25

An engem gutt gefëllte Centre Atert zu Bartreng waren et d'Gäscht vu Stroossen, déi mat honnert à l'heure an de Match gestart sinn. Eng änlech Situatioun wéi virun enger Woch deemno. Ënnert dem Impuls vun hirem Kapitän Boris Milosevic an dem Mëttelblocker Pablo Rocha Camargo stoung et séier 6-1 fir de VC Stroossen. Ausser um Service gouf wéineg taktéiert. Béid Säite sinn am Spillopbau mat ganzer Aggressivitéit dragaangen, an der Ufanksphas mat méi Feeler op Bartrenger Säit.

Mat Momenter gouf sech méi mat den Decisioune vum Arbitrage beschäftegt ewéi mam Match, wat der Konzentratioun net gehollef huet. Bartreng ass awer weider volle Risiko gaangen an huet iwwert de Kampfgeescht nees an de Match fonnt. Bei 18-20 huet de Stroossener Coach misse säin éischten Timeout asetzen. Dësen hat Wierkung a Stroossen setzt den Ecart ëm 3 Punkten op 23-18 erop. Mat engem weideren direkte Feeler vu Bartreng um Service geet den éischte Saz un den Titelverdeedeger.

Saz 2: 21-25

De Schlëssel zum Championstitel schéngt beim Service ze leien. Déi Ekipp, déi do am meeschten Drock opbaue kann, ouni dobäi ze vill direkt Feeler ze maachen, hëlt den Avantage.

Den Ufank vum zweete Saz war ganz equilibréiert. Eréischt beim 8:9 konnt  Stroossen mam Sina Arab um Service 2 Breakpoints markéieren. No engem Bartrenger Timeout konnt d'Heemekipp selwer 2 Punkte realiséieren, fir nees erunzekommen. Kuerzzäiteg konnt Bartreng mam Spill duerch d'Mëtt esouguer virkommen (15:14). Dëst war ëmsou méi iwwerraschend, well dat eigentlech eng Stroossener Stäerkt ass. Den aktuelle Champion huet sech awer dovunner net aus der Rou brénge gelooss. Mat konstantem Spill an enger Passeursfinte vum Gilles Braas hu si de Spiiss nees ëmgedréint. Bei 15:17 huet Bartreng scho säin zweeten Timeout missen huelen. Bis heihin hat iwwregens nach keng vu béide Formatiounen e Wiessel an der Opstellung gemaach. Mat engem direkte Punkt um Service konnt de
Mateja Gajin 3 Sazbäll fir de VC Stroossen erausspillen (24-21). Direkt den éischten huet de Gilles Braas mat enger weiderer Passeursfinte genotzt.

Saz 3: 13-25

Elo duerft ee gespaant sinn, ob, éischtens, déi Bartrenger eppes un hirer Opstellung änneren an, zweetens, déi Stroossener de Fokus behale kënnen, fir net nees emol um Enn vum Match mat eidelen Hänn do ze stoen. Un der Opstellung gouf mol nach näischt geännert.

A Stroossen huet mat engem 4-0 Laf och de Fokus behalen. Fir d'Heemekipp war dat natierlech dee schlechtsten Zenario. Stroossen konnt de Virsprong elo geréieren. Drock maachen, wann néideg, a gläichzäiteg roueg bleiwen, wa
mol eppes net direkt geklappt huet. De Bartrenger Fanblock huet alles ginn, mee Stroossen ass lues awer sécher fortgezunn (7-12).

Mam Réck zur Mauer koum dann och den éischte Wiessel vun der Partie. De Mathis Esselin huet de Bartrenger Kapitän Steve Weber ersat. Bei 12-19 koum de Steve Weber nees zeréck. Stroossen sollt dës Woch awer den Tunnelbléck behalen. De Lorenzo Garbo war vill besser an der Receptioun, an den Komplex Service/Block/Defense huet perfekt funktionéiert.

Bartreng konnt näischt méi nohalteg verbesseren. Symptomatesch fir dëse Saz lant déi lescht Bartrenger Attack am Aus a Stroossen kann e weideren Doublé feieren.