E Méindeg den Owend stoung mam Escher Derby nach de leschte Match vum 28. Spilldag an der BGL Ligue um Programm.

En Derby ass ni wéi en normale Match, ma fir d'Escher Fola war et esouguer nach e bësse méi. Fir den direkten Ofstig op d'mannst provisoresch emol ze verhënneren, huet d'Fola e Méindeg den Owend nämlech op d'mannst e Remis gebraucht.

De Gros vun der éischter Hallschent war et en ausgeglachene Match, an deem béid Ekippen zu hire Chancë komm sinn. Zum Schluss ass d'Jeunesse awer ëmmer besser ginn an ass duerch de Belgacem mat 1:0 a Féierung gaangen. Duerno ass et knëppeldéck fir d'Fola komm a just eng Minutt drop ass de Pauly mat Giel-Rout vum Terrain geflunn. Mat enger 1:0 Féierung fir d'Jeunesse hat den Arbitter d'Ekippen an d'Kabinn geschéckt.

D'Fola koum zwar ganz engagéiert nees zréck an déi zweet 45 Minutten, mee dacks war et de leschte Ball, deen net gestëmmt huet, et gouf schonn e puer villverspriechend Konteren, mee d'Passen am leschten Drëttel waren net präzis genuch.

An der 78. Minutt gouf et awer nach eng Risechance fir den 1:1: Op riets kritt den Amou de Ball a flankt op de Mendes. De Ball goung aus fënnef Meter awer driwwer.

Um Enn blouf et beim 0:1 fir d'Jeunesse. Dat bedeit den Ofstig um Méindeg den Owend fir d'Fola. Monnerech war jo den éischten Ofsteiger.

No Néierlag géint d'Jeunesse fält d'Fola an d'Éierepromotioun
E Méindeg den Owend stoung mam Escher Derby nach de leschte Match vum 28. Spilldag an der BGL Ligue um Programm.