Duerch eng 3:0-Victoire géint Wolz kann Déifferdeng den Doublé an der Finall perfekt maachen an den F91 huet sech mat 3:2 beim Stater Racing duerchgesat.

E Mëttwoch den Owend waren an der Coupe de Luxembourg déi lescht véier Ekippen am Asaz, wou sech um Enn Déifferdeng an Diddeleng fir d'Finall qualifizéiere konnten.

Coupe de Luxembourg Halleffinallen / Reportage Gilles Tricca

De Champion Déifferdeng huet sech mat enger 3:0-Victoire géint Wolz den Ticket fir d'Finall geséchert. No enger roueger Ufanksphas hat sech d'Lokalekipp zu Uewerkuer lues a lues déi éischt Chancen erausgespillt, ouni dobäi awer richteg geféierlech ze ginn. D'Gäscht vu Wolz hu sech éischter op d'Defense konzentréiert an et den Déifferdenger net einfach gemaach. Kuerz virun der Paus huet sech dann den Artur Abreu dann een Häerz geholl a mat engem Schoss kuerz virum Strofraum op 1:0 fir d'Haushäre gestallt. Mat der Féierung am Réck war Déifferdeng da besser an déi zweet Hallschent gestart a konnt an der 60. Minutt mam 2:0 fir eng kleng Virentscheedung suergen. De Guillaume Trani huet de Ball mat engem präzise Schoss an de rietsen Eck geschoss an dem Golkipp keng Chance gelooss. Definitiv den Deckel drop gemaach huet dann de Kevin D'Anzico an der 72. Minutt mam 3:0. Wéi och am Championnat huet sech Déifferdeng bis zum Schluss vu senger souveräner Säit gewisen an d'Féierung ouni Problemer iwwer d'Zäit bruecht.

An der zweeter Partie vum Owend huet sech Diddeleng da beim Stater Racing mat 3:2 duerchgesat. Den F91 war am Ufank déi kloer besser Ekipp a konnt sech no zwee Mol Aluminium dann an der 20. Minutt mat der verdéngter Féierung duerch de Filip Bojic belounen. Et huet zwar eng Zäit gedauert, ma an der Phas virun der Paus huet dann och de Racing um Match deelgeholl. Mat der leschter Aktioun vun der éischter Hallschent huet de Pina Gomes gutt reagéiert a konnt de Ball, dee vum Potto ofgespronge war, aus kuerzer Distanz zum 1:1 iwwert d'Linn drécken. Nom Säitewiessel gouf et dann eng weider Grousschance fir de Racing, d'Goler sinn awer op där anerer Säit gefall. Bannent nëmme fënnef Minutte konnt den F91 zwee Mol duerch de Benkhedim an Delorge markéieren a sech domadder eng relativ komfortabel Féierung opbauen. Fir d'Schlussphas war elo also de Racing gefuerdert, deen am Numm vum Yann Mabella dann och an der 83. Minutt nach op 2:3 verkierze konnt. Ee weidere Gol, dee fir eng Verlängerung néideg war, sollt der Lokalekipp awer net méi geléngen.

An der Finall den 28. Mee am Stade de Luxembourg kënnt et also zum Duell tëscht dem Champion Déifferdeng an dem F91 Diddeleng.

Den Iwwerbléck vun de Resultater