Mathias Olesen a Köln steigen an d'Bundesliga op

© AFP
Leandro Barreiro a Benfica verpasse Championstitel a Portugal. Beim Anthony Moris entscheet sech den Titel am leschte Match d'nächst Woch.
An der Zweeter Bundesliga war et de leschten an decisive Spilldag. Köln huet séier fir kloer Verhältnisser gesuergt a louch fréi 2:0 géint Kaiserslautern vir, déi och nach eng theoreetesch Chance op den Opstig haten. No der Paus huet den Effzeh nogeluecht an de Score op 4:0 eropgeschrauft. Domat war kloer, dass Köln no engem Joer nees an d'Bundesliga opsteigt. Duerch d'Néierlag vun Hamburg ass de Veräi vum Mathias Olesen souguer nach Champion ginn. Den Olesen gouf an der 82. Minutt agewiesselt an duerft de véierte Gol um Terrain mat bejubelen. De Lëtzebuerger huet am RTL-Interview duerchblécke gelooss, dass hie Köln am Summer verloosse wäert.
Och de Raphael Duarte dierf sech freeën. Elversberg klappt Schalke 2:1 a bleift op der Relegatiounsplaz. Domat hunn d'Saarlänner zwee Endspiller géint Heidenheim, de 16. aus der Bundesliga.
Hei fannt Dir all d’Resultater an d’Tabell aus der 2. Bundesliga: https://www.rtl.lu/sport/
An der hollännescher Eredivisie konnt NAC Breda net méi ofsteigen, dat war virum leschte Match géint den direkte Konkurrent Willem II Tilburg kloer. D'Ekipp vum Enis Mahmutovic huet sech mat engem 1:1 vu senge Spectateuren an d'Summerpaus verabschid. De Lëtzebuerger souz 90 Minutten op der Bänk.
Um zweetleschte Spilldag an der héchster polnescher Liga huet et Odra Opole verpasst, de Klassenerhalt sécher ze maachen. Am Duell géint den Ofsteiger Warta Poznan huet d'Ekipp vum Edvin Muratovic mat 0:1 de Kierzere gezunn a muss trotz 3 Punkten Avance op eng Ofstigsplaz nach zidderen. Bei Punktgläichstand hätt Opole nämlech dat manner gutt Golverhältnis par rapport zu Pogon Siedlce. De Lëtzebuerger gouf an der 62. Minutt beim Stand vun 0:1 agewiesselt.
Och an der Ukrain stoung den zweetleschte Spilldag um Programm. An hei huet Cherkasy de Klassenerhalt kloergemaach. En 0:0 géint Poltawa goung dem Olivier Thill senger Ekipp duer, fir och d'nächst Saison an der ukrainescher Premier League ze spillen. Virum leschte Spilldag huet Cherkasy 4 Punkte Virsprong op de Géigner vum Sonndeg. Den Olivier Thill huet 90 Minutten duerchgespillt.
Am Nopeschland Rumänien hunn Hermannstadt an Vahid Selimovic hir Plaz an der Qualifikatioun fir d'Conference League trotz enger 1:2-Defaite géint Botosani sécher. De Selimovic koum an der 62. Minutt beim Stand vun 0:0 eran, konnt awer net verhënneren, dass Botosani zwee Goler markéiert huet.
Mam Sébastien Thill war e weideren Thill-Brudder e Sonndeg am Asaz. An der polnescher Liga souz et fir Stal Rzeszow eng 0.2-Néierlag géint Pruszkow. D'Resultat huet keng weider Auswierkungen, well Rzeszow de Klassenerhalt scho sécher huet. De Lëtzebuerger koum net an den Asaz.
A Bosnien huet FK Sarajevo mat Velez Mostar 2:2 gläichgespillt. De Mirza Mustafic stoung net am Kader.
Samschdeg
A Portugal hunn de Leandro Barreiro a Benfica de Championstitel ëm 2 Punkte verpasst. Zu Braga ass een net iwwert een 1:1 erauskomm, ma och eng Victoire hätt um Enn näischt bruecht, well de Sporting de Championstitel an der eegener Hand hat an 2:0 gewonnen huet. De Barreiro huet de ganze Match duerchgespillt an hat no 6 Minutten eng Chance op d'Féierung, hie konnt de Ball awer net cadréieren.
Trotz enger 0.3-Néierlag géint Moreirense kann AVS mam Gerson Rodrigues sech als 16. an d'Relegatioun retten, dat well d'Konkurrenten och verluer hunn. De Rodrigues war am Kader, ass awer net erakomm.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Liga Portugal
An der Belsch huet Union Saint-Gilloise mam Anthony Moris eng däitlech 4:0-Victoire zu Antwerpen gefeiert. De Lëtzebuerger Nationalgolkipp stoung wéi gewinnt 90 Minutten tëscht de Pottoen. Saint-Gilloise huet domat exzellent Chancen op de Championstitel, huet awer just ee Punkt Virsprong op Bruges. Den Tabellenzweeten huet säi Match e Sonndeg gewonnen.
An der Bundesliga huet St. Pauli zum Ofschloss 0:2 géint den Ofsteiger Bochum verluer. D'Ekipp vum Danel Sinani, deen no enger gudder Stonn ausgewiesselt gouf, konnt just nach rechneresch ofsteigen a wäert trotz dëser Defaite och déi nächst Saison an der Bundesliga spillen.
Ouni den Tiago Pereira Cardoso am Gol huet Borussia Mönchengladbach um leschte Spilldag 0:1 géint Wolfsburg verluer. Et war ee Match, an deem et fir béid Ekippen ëm näischt méi goung.
Am Titelgrupp vun der serbescher Liga ass Vojvodina mam Seid Korac net iwwert en 0:0 géint Radnicki 1923 erauskomm. Domat bleift een awer op der 3. Plaz an huet virum leschte Spilldag gutt Chancen, sech fir d'Conference League ze qualifizéieren. De Korac huet de ganze Match duerchgespillt.
A Bulgarien huet CSKA Sofia sech 2:1 géint Beroe behaapt, woumat der Ekipp vum Mica Pinto d'Qualifikatioun fir de Playoff vun der Conference League net méi dierft ze huele sinn. De Lëtzebuerger stoung e Samschdeg net am Kader.
Am Aserbaidschan gouf et um virleschte Spilldag een 1:1 fir Sabah Baku beim Tabellenzweeten Zira. Bei de Gäscht ass de Vincent Thill no 65 Minutte beim Score vun 1:0 fir Zira agewiesselt ginn.
An der drëtter Liga an Däitschland gouf et um leschte Spilldag och een 1:1 tëscht 1860 München an Aue, woumat béid Ekippen d'Saison am Tabellemëttelfeld ofschléissen. Bei Aue souz den Tim Kips als Ersatzgolkipp op der Bänk.
Freideg
An der zweeter Liga en Éisträich huet St. Pölten sech 3:1 géint déi zweet Ekipp vu Rapid Wien duerchgesat. Den Dirk Carlson stoung wéi gewinnt déi 90 Minutten iwwer um Terrain. St. Pölten verdeedegt domat déi 3. Plaz, Chancen op den Opstig huet een awer net méi.
An Holland huet Den Bosch sech am Opstigs-Playoff vun der Eredivisie fir d'Halleffinall qualifizéiert. Nom 1:0-Succès am Allersmatch huet een e Freideg 1:1 géint Cambuur-Leeuwarden gespillt a kann domat weider opsteigen. Den David Jonathans ass de ganze Match op der Bänk bliwwen.