Den Damme-Championnat zu Lëtzebuerg
Squash, eng Sportaart, déi vill Leit warscheinlech net sou gutt kennen, gëtt och hei zu Lëtzebuerg gespillt, an dat souguer kompetitiv.
De Squash-Club vu Schengen probéiert dobäi virun allem, den Dammesport no vir ze bréngen an ee gudde Mix vu Spillerinnen aus ville verschiddenen Länner zesummen ze bréngen. Dat klappt och ganz gutt, wëll mëttlerweil souguer Top-100-Spillerinne fir de Club spillen.
Zu Péiteng an der Hal goufen de leschte Mëttwoch eng Rei Matcher am Squash-Championnat gespillt. Dobäi waren d’Clibb vu Sandweiler, Péiteng a Schengen. Mee wat ass Squash dann iwwerhaapt a wat mécht dëse Sport sou interessant?
Nadia Pfister (Top-100-Spillerin vu Schengen): "Man muss auf der einen Seite servieren und auf der anderen retournieren. Dann gehts so lange bis einer den Ball nicht mehr bekommt und er zwei mal auf dem Boden aufkommt bzw. jemand den Ball über die obere Linie spielt. Am besten probiert man aneinander vorbei zu kommen und möglichst spannende Ballwechsel und gute Schläge hinzukriegen."
De Squash-Club vu Schengen probéiert dobäi zanter Joren, de Sport no vir ze bréngen. Interessant ass hei, datt Spillerinnen, déi op der Welt vir mat dobäi sinn, mat Spillerinnen zesumme spillen, déi villäicht grad réischt ugefaangen hunn. Wat de Squash zu Lëtzebuerg ubelaangt ass awer nach Verbesserungspotential do, dat hänkt och mat der Infrastruktur hei am Land zesummen.
Nancy Keiser (Präsidentin vum Squash Schengen): "Wat ganz wichteg ass, ass dat de Sport hei am Land méi Opmierksamkeet a Visibilitéit kritt a mir brauche méi Infrastrukturen. Dat ass och d’Ursaach firwat et net vill Veräiner ginn. D’Federatioun huet am Moment 11 Veräiner. 2 dovunner aus dem Ausland. Do ass fir eng Federatioun, déi 50 Joer besteet, sécherlech ee Manktem."
Ee Manktem gëtt et awer och beim Dammesport insgesamt. Hei gëtt dem Club vu Schengen no hei am Land nach net genuch geschafft.
Nancy Keiser: "Et muss ee Meedercher dozou beweegen an de Sport ze kommen, dat ass haaptsächlech Veräinsaarbecht. Et muss een einfach Leit fannen, déi bereet sinn, Benevolat ze schaffen, an ech mengen datt et ganz oft dru läit, datt d’Traineren net qualifizéiert genuch sinn. Vum Schoulsport bis an de Veräinssport ran. Do ass een enormen Nohuelbedarf."
Nadia Pfister: "Ich finde, Damensport muss überall gepusht werden, egal wo wir sind. Wir geben unser Bestes Tag für Tag und es ist schön, wenn es etwas bringt."
Wéi et an Zukunft am Squash weidergeet, bleift awer ofzewaarden. Spannend an interessant ass dëse Sport awer op alle Fall.