
Op der IBTA-Europameeschterschaft zu Kozerki a Polen hat d'Liz Conzemius e gudde Grond, fir zweemol ze feieren. D'Lëtzebuergerin konnt sech am Dubbel Mixed, zesumme mat hirem Partner Nicolas Beroldt, den Europameeschtertitel an der Kategorie B2 am Blannen-Tennis sécheren.
Genau sou gutt ass et och am Eenzel gelaf, wou si hiren EM-Titel vum leschte Joer verdeedege konnt. Enn August war d'Liz Conzemius donieft am Eenzel an am Dubbel Weltmeeschterin ginn.
Hire Coequipier Nicolas Beroldt koum am Eenzel um Enn op déi 5. Plaz. Insgesamt ware 65 Athletinnen an Athleten aus 12 verschiddene Länner op der EM dobäi.