An der Qualifikatioun fir Roland Garros
Out fir de Chris Rodesch am éischten Tour

© RAUL ARBOLEDA AFP
Out am 1. Tour vun der Qualifikatioun fir de Lëtzebuerger Tennisprofi bei senger éischter Grand-Slam-Aventure.
De Chris Rodesch huet déi éischte Kéier a senger nach jonker Profikarriär bei engem Grand-Slam-Tournoi matgespillt.
Den 23 Joer ale Lëtzebuerger an aktuell Nummer 172 an der Weltranglëscht krut et am éischten Tour vun der Qualifikatioun zu Roland Garros mam Lokalmatador Ugo Blanchet ze dinn.
De Fransous, d‘Nummer 193 am ATP-Ranking, konnt dës Partie mat 7:6 a a 6:4 fir sech decidéieren.
Liest HEI nach emol, wéi de Chris Rodesch sech op seng éischt Grand-Slam-Participatioun preparéiert huet.
Am meeschte gelies