Fir déi Lëtzebuerger Dammefuttball-Nationalekipp geet et lo an déi decisiv Phas. Um Spill steet den Opstig an d'Liga B vun der Nations League.

En Donneschdeg de Moien huet den Nationaltrainer Dan Santos säi Kader annoncéiert. Et goufe 7 Changementer par Rapport zu de Lännermatch-Rendez-vousen am Abrëll. D'Nathalie Ludwig an d'Isabel Albert hunn hir Schong an der Nationalekipp un den Nol gehaangen. Zeréck am Krees vun de roude Léiwinne sinn d'Olivia Konsbrück, d‘Anna Miny an d'Vera Villegas.

Fir déi éischte Kéier mat dobäi sinn d'Amal Cherkane, d’Lena Alves, d’Hannah Dietrich an d’Charlie Jorge. Lass geet et fir d’FLF-Dammen den 30. Mee mat der Partie géint Armenien zu Beggen. 4 Deeg méi spéit spillt d’Ekipp vum Dan Santos dann auswäerts zu Almaty beim Tabellenzweete Kasachstan.

RTL

© FLF/Facebook