Aus allen Himmelsrichtunge koume Schüler en Donneschdeg erbäi, fir zu Iechternach 7 Kilometer ronderëm de Séi ze lafen.

Aus wéi enge Lycéeë si kommen, konnt een un de Faarwe vun den Trikoten an de Schrëften  
erkennen. D’LASEL-Vereenegung vum Studentesport zu Lëtzebuerg organiséiert wärend dem Schouljoer Aktivitéiten  a verschiddene Sportsdisziplinnen. De Laf ronderëm de Séi ass e feste Bestanddeel dervunner, ëmmerhi war en Donneschdeg déi 42. Editioun un där ronn 1.200 Schüler deelgeholl hunn.

De Goût an de Spaass um Sport ze kréien, ass eng vun den Zilsetzunge vun esou enger oder änlechen Aktivitéiten. Deen een oder anere vun eise bekannte Sportler, huet och de Wee an e Club. iwwert eng Laselsaktivitéit fonnt. Hei kënnen d‘Schüler sech och mat de Proffe moossen an ëmgedréint. De fréiere Champion Jemp Ernzen ass reegelméisseg am Asaz, sief et als Student oder als Proff. Och de sozialen Aspekt spillt eng Roll: D'Evenement ass och e Point de Rencontre. Iwwregens gewënnt bei de Jongen den Damien Pechon a bei de Meedercher d’Maxime Libens – Thein. D‘Lafe kann deemno esou munches beweegen.