De "Scudetto" geet a Süditalien, Neapel wënnt 2:0 am Showdown

© AFP
An Italien ass e Freideg den Owend um leschte Spilldag d'Decisioun ëm de Championstitel gefall.
An de Champion heescht Neapel. Mat engem Punkt Virsprong virum Titelverdeedeger Inter Mailand goung et an de Match géint den Tabelle-14te Cagliari um leschte Spilldag. Am heemeschen Diego-Maradona-Stadion huet Neapel säi Virsprong konnte mat engem 2:0 verdeedegen. Ma ganz einfach war et net. Eréischt an der 42. Minutt ass dem Scott McTominay den éischte Gol gelongen, de Romelu Lukaku konnt an der 51. Minutt op den 2:0 erhéijen.
Zäitgläich huet dann och Inter Mailand mat 2:0 géint Como gewonnen an hat bis zur leschter Sekonn op e Feeler vun Neapel gehofft. Ma déi Hoffnung sollt keng Friichten droen. Hätt Neapel just gläich gespillt an Inter an Neapel hätten d'selwecht vill Punkte gehat, wier d'Decisioun e Méindeg an engem K.-O.-Duell gefall.
Neapel ass domat fir d'véierte Kéier italieenesche Champion.
Inter Mailand ka sech dann elo op d'Champions-League-Finall den 31. Mee konzentréieren. Do kënne se hir Saison dann awer nach mat engem Titelgewënn ofschléissen, falls se sech zu München géint de PSG duerchsetze kënnen.