Dass Arsenal um Enn den Titel hëlt, war dach éischter iwwerraschend.

Eng weider Saison ass an der Dammen Champions League op en Ënn gaangen. Gewonnen huet an der Finall d'Ekipp vun Arsenal, déi sécher am Ufank vun der Saison net jiddereen op der Rechnung hat.
 
1:0! Dat war de Score mat deem sech Arsenal an der Finall zu Lissabon géint de groussen FC Barcelona duerchsetze konnt. Just 7 Minutten hat d'Stina Blackstenius no senger Awiesslung gebraucht, fir säin Numm fir ëmmer an de Geschichtsbicher vun Arsenal ze veréiwegen.
 
Als Favorit waren d'Gunners awer sécher net an d'Spillzäit gestart. Dës Éier hat dogéint hire Géigner an der Finall, den FC Barcelona. D'Ekipp aus Katalounie konnt nämlech 3 vun de leschte 4 Editioune gewannen, an hat sech iwwer déi lescht Joren als éischt Kraaft am europäeschen Dammefussball etabléiert. Mat Spillerinnen, wéi der Kapitänin Alexia Putellas oder der aktueller Ballon d'Or Gewënnerin Aitana Bonmati, hat een oft een ze grousse Virdeel am Verglach zur Konkurrenz. 
 
Och dës Saison war Barcelona quasi net ze stoppen. Zwar hat d'Ekipp vum Trainer Pere Romeu den Optaktmatch mat 0:2 géint Manchester City verluer, vum Wee ofbrénge sollt si dat awer net. Mat enger Goldifferenz vun +23 gouf ee souverän éischten am Grupp D. Wee gemengt hat et géif elo méi schwéier ginn, deen hat sech geiert. Och an der KO-Phas hat een dem däitsche Vizemeeschter Wolfsburg an der, bis dohinner, ongeschloener Ekipp vu Chelsea keng Chance gelooss. Béid Ekippe goufe vu Barcelona souwuel doheem, wéi och auswäerts, reegelrecht aus dem Stadion geschoss. Eng weider Finall war perfekt.
 
Arsenal hat dogéint missen den Ëmwee iwwert d'Qualironn goen. Ukomm am Grupp C, konnt een sech dës Saison dunn iwwerraschend direkt déi éischte Platz sécheren, dat virum däitsche Meeschter Bayern München. An der K.-o.-Phas hunn d'Spillerinnen aus dem Norde vu London souwuel géint Real Madrid, wéi och géint de Rekordgewënner Lyon missen ee Réckstand aus dem éischte Match dréinen. No engem 0:2 zu Madrid hat ee virun eegene Public 3:0 gewonnen. Lyon konnt dogéint eng 2:1 Victoire zu London feieren ier Arsenal a Frankräich hire warscheinlech beschte Match vun der Saison gespillt haten. Sensationell konnte si mat 4:1 gewannen a sech fir d'Finall a Portugal qualifizéieren.
 
An der Finall war et du virun allem Barcelona, déi mam Claudia Pina an Aitana Bonmati vun Ufank un Drock gemaach hunn. D'Spillerinne vun Arsenal hunn awer probéiert mat Kontere geféierlech ze ginn. Et huet bis an déi 74.Minutt gedauert bis ee Gol gefall ass. D'Beth Mead hat d'Stina Blackstenius am Strofraum gesinn, sou dass dëst op 1:0 stelle konnt. Barcelona huet zwar probéiert nach eng Kéier offensiv geféierlech ze ginn, dat virun allem a Persoun vum Graham Hansen, duer gaangen ass et awer net méi. Sou war et Arsenal London déi iwwerraschend eng zweete Kéier an hirer Geschicht dës Competitioun gewanne konnten. D'Dominanz vu Barcelona war gebrach.
 
Ab der nächster Saison wäert d'Dammen Champions League net méi am Gruppephase-Format gespillt ginn. Et gëtt dann nämlech, änlech wéi bei den Hären, op ee Liga-System mat 16 Ekippe gesat. All Ekipp wäert da musse 6 Matcher spillen, dovunner 3 doheem. Um Ënn vun dëser Ligaphas qualifizéiere sech d'Ekippen op de Plazen 1 bis 4 direkt fir d'K.-o.-Phas, wärend d'Ekippen, déi op de Plaze 5 bis 12 landen, eng zousätzlech Ronn spille mussen, fir kënnen an d'K.-o.-Phas anzezéien.