Chelsea dréit de Match a gewënnt um Enn kloer d'Finall

© AFP
E Mëttwoch den Owend stoung am Kader vum internationale Futtball d'Finall vun der Conference League tëscht Betis Sevilla an dem FC Chelsea um Programm.
No 90 Minutte ka sech an der Finall, déi am polnesche Breslau gespillt gouf, den FC Chelsea verdéngt mat 4:1 géint d'Spuenier vu Betis Sevilla duerchsetzen.
Allerdéngs hat de Match denkbar schlecht fir d'Englänner ugefaangen. Dës louche schonn no 9 Minutten mat engem Gol a Réckstand. Dëst nodeems den Abde no schéiner Viraarbecht vum Isco markéiere konnt. Réischt an der zweeter Hallschent sinn d'Englänner esou richteg erwächt. Esou sollt hinnen an der 65. Minutt duerch de Fernandez den Ausgläich geléngen. Nëmme fënnef Minutten drop sollten d'Blues dunn a Féierung goen. Et war den Jackson, deen no Viraarbecht vum Palmer de Ball zum 2:1 fir seng Faarwen am Gol ënnerbrénge konnt. Doropshin hunn d'Spuenier net méi zréck an de Match fonnt an d'Englänner konnten hir Féierung duerch de Sancho an de Caicedo an de Minutten 84 an 91 nach ausbauen.