D'Union Mäertert-Waasserbëlleg steigt duerch eng 2:1-Victoire géint Ierpeldeng an déi 1. Divisioun op.

Ierpeldeng 1:2 Mäertert-Waasserbëlleg
0:1 Stefanetti (55'), 0:2 Mehanovic (63'), 1:2 Dammicco (90'+3)

Am Stade Kuerzwénkel zu Konsdref waren et viru 1.228 Supporter d'Männer vu Waasserbëlleg, déi sech no nëmme 5 Minutten eng éischte Kéier virum Ierpeldenger Gol gewisen haten. Aus spatzem Wénkel hat et de Parhamov probéiert, den Ewertz hat säin Eck awer gutt kleng gemaach a konnt de Ball sou ofwieren. Den doraus resultéierende Corner hat de Reuland no op de Gol gezunn, um Enn war de Ball awer just widder de Potto gaangen. Duerno hu sech béid Formatiounen bis zur Halbzeit neutraliséiert a bis op e puer ongeféierlech Ofschlëss sollt op béide Säiten net vill Nennenswäertes dobäi eraussprangen.

Nom Säitewiessel koume virun allem déi Ierpeldenger mat méi Schwong aus de Kabinnen. Nodeems den Angelsberg ee Kappball um zweete Potto knapp laanscht de Gol gesat hat, war et nëmme 4 Minutte méi spéit de Veselaj, dee sech aus grousser Distanz een Häerz geholl hat. An der 55. Spillminutt waren et awer déi Mäerterter, déi mat hirer éischter offensiver Aktioun nom Téi a Féierung konnte goen. No engem Fräistouss vum Reuter kann den Ewertz de Ball net festhalen a sou war et de Stefanetti, deen dat ronnt Lieder iwwer d'Linn gedréckt huet. Nëmmen 8 Minutte méi spéit konnten d'Männer vum Sacha Schneider nach een dropleeën. No engem laange Ball war de Parhamov eleng duerch. Säin Ofschloss konnt den Ewertz wuel nach halen, ma beim Noschoss vum Mehanovic konnt hien awer Näischt méi maachen. Waasserbëlleg huet d'Féierung duerno verwalt a stoung defensiv laang sécher. Ierpeldeng dogéint war virun allem an der Offensiv iwwer wäit Strecken ze ongeféierlech a sou war et dem Jeannot Reiter senge Männer bis bis an d'Nospillzäit net gelongen, fir geféierlech ze ginn. Hei konnt den Dammicco wuel nach den Uschloss markéieren, ma dëse Gol koum um Enn awer ze spéit. Soumat muss Ierpeldeng dee battere Wee an déi 2. Divisioun untriede wärend Mäertert-Waasserbëlleg hei den Opstig ka feieren.