Dësen Donneschdeg gouf de leschte Barragematch vun dëser Saison gespillt. An deen hat et nawell a sech.

Éilereng 4 : 5 Wëntger
Dragulovcanin 1:0; 5. Dramé 1:1; 28. Skenderovic 2:1; 32. Dragulovcanin 2:2; 43. Ribeiro 2:3; 45+3 Stracevic 2:4; 80. Kozar 3:4; 88. Ribeiro 3:5; 90+2 Muntean 4:5

Déi éischt Hallschent hu béid Formatiounen den 1.103 Spectateuren ee gudde Spektakel gebueden. No 33 Sekonnen stoung et schonn 1:0 fir Wëntger. No enger gudder Eenzelaktioun vum Dragulovcanin schéisst hien de Ball an de Gol. An der 5. Minutt konnt Éilereng duerch den Dramé ausgläichen no engem Assist vum Muntean.

Den Nsiku huet an der 26 Minutt den Muntean als leschte Mann vun de Bee geholl an krut fir seng Noutbrems déi Rout Kaart gewisen. An der 28. Minutt konnt Éilereng, mat engem Noschoss aus der Distanz vum  Skenderovic, de Score op 2:1 erhéijen.

Ma de Réckstand an d'Ënnerzuel huet Wëntger net geschockt. Si hu monter weider no vir gespillt. An der 31. Minutt huet den Éilerenger Golkipp de Starcevic am Strofraum vun de Bee geholl. Den Arbitter huet direkt op de Punkt gewisen. Den Eelefmeter huet den Dragulovcanin äiskal verwandelt.

No enger gudder Viraarbecht vum Starcevic konnt de Ribeiro op 3:2 erhéijen. Domat net genuch an der 3. Minutt vun der Nospillzäit schéisst de Starcevic den 4:2.

No der Paus ass de Spektakel weidergaangen. An der 64 Minutt huet den Arbitter dem Malheiro wéinst enger Noutbrems déi Rout Kaart gewisen. Domat stoungen 10 Spiller op all Säit um Terrain.

Éilereng konnt an der 80. Minutt duerch een Eelefmeter op 4:3 verkierzen. De Ribeiro huet dunn an der 88. Minutt no engem laange Ball op 5:3 erhéicht. Éilereng wollt dat Ganzt awer nach eng kéier spannend maachen. De Muntean gouf an d'Déift geschéckt a konnt op 5:4 verkierzen. Fir méi ass et awer net méi duergaangen. Wëntger steigt um Enn an d'1. Divisioun op an Éilereng muss nächst Saison an der 2. Divisioun spillen.