Spuenien wënnt 5:4 géint Frankräich an trëfft an der Finall op Portugal

© THOMAS KIENZLE / AFP
En Donneschdegowend huet sech Spuenien an der zweeter Halleffinall vun der UEFA Nations League an engem spektakuläre Match géint Frankräich duerchgesat.
Um Enn zitt Spuenien no enger 5:4-Victoire an d'Finall an an trëfft do op Portugal.
D'Fransousen hunn um Ufank méi vum Match an an der 12. Minutt sträift dem Theo Hernandez säi Schoss nëmme knapps d'Lat vum spuenesche Gol. Alles an allem ass et um Ufank awer eng oppe Partie tëscht béiden Ekippen.
Jiddwerfalls bis zu der 22. Minutt. De Ball kënnt vum Lamine Yamal iwwert de Mikel Oyarzabal bei den Niko Williams, deen de Ball aus ronn 10 Meter ënnert d'Lat vum franséische Gol schéisst. Domat steet et 1:0 fir Spuenien. Ma domat net genuch; nëmmen dräi Minutten drop kann de Mikel Merino de Score no enger Une deux mam Mikel Oyarzabal op 2:0 an d'Luucht schrauwen.
Mat dësem Score sollt et dann och an d'Paus goen.
Déi zweet Hallschent geet ouni gréisser Chancen op béide Säiten un. Ma an der 51.Minutt gëtt de Lamine Yamal am Strofraum vun de Fransouse vum Adrien Rabiot gefoult an den Arbitter päift Eelefmeter. De Gefoulte schéisst selwer, trëfft an et steet 3:0. Nëmmen eng Minutt drop markéiert de Pedri dann nach de 4:0 fir Spuenien.
De Match schéngt zu dësem Ament eigentlech sécher zu Gonschte vu Spuenien decidéiert. Ma Frankräich sollt et mat enger spektakulärer Poursuite nach eng Kéier spannend maachen.
Den Optakt mécht de Kylian Mbappé, deen an der 58. Minutt en Eelefmeter eraushëlt an dësen an der 59. dann och verwandelt.
An der 67. Minutt schéngen déi franséisch Hoffnungen allerdéngs definitiv begruewen ze sinn. De Yamal schéisst nämlech de 5:1.
Ma um Enn vun der Partie dréint d'Equipe tricolore nach eng Kéier richteg op. An der 79. Minutt ass et de Rayan Cherki deen no enger Pass vum Mbappé aus 17 Meter spektakulär trëfft an op 2:5 aus franséischer Siicht verkierzt.
Frankräich spillt duerno weider kompromësslos no vir an a provozéiert an der 84. Minutt Selbstgol op spuenescher Säit. Den Dani Vivian ass deen Onglécklechen. Et steet nëmmen nach 5:3 fir d'Spuenier.
An der 3. Minutt vun der Nospillzäit kann de Kolo Muani da souguer nach per Kapp op 5:4 verkierzen, Ma um Enn leeft de Fransousen d'Zäit fort a Spuenien zitt no engem spektakuläre Match an d'Finall vun der Nations League an.