345 Päerd an 150 Reider aus 30 Natioune wäerten dëst Joer untrieden
En Donneschdeg gouf zu Réiser um Herchesfeld déi 33. Editioun vun de Réiser Päerdsdeeg virgestallt.
Och 2025 wäert d’Reit-Kompetitioun erëm op zwee Weekender organiséiert ginn. Vum 12. bis de 15. Juni steet dobäi d’international Competitioun um Programm an de Weekend drop d’national Meeschterschaften. Fir Spectateure wäert de ganze Spektakel gratis sinn an et hofft een och dëst Joer vill Leit zu Réiser begréissen ze kënnen.
D’Réiser Päerdsdeeg, een Evenement dat virun allem fir Traditioun steet, wäert 2025 fir eng 33.Kéier ausgedroe ginn. 345 Päerd an 150 Reider aus 30 verschiddenen Natioune wäerten dëst Joer mat dobäi sinn. Mee wat sinn d'Réiser Päerdsdeeg genau an op wéi eng international Kompetitioune kann een sech dëst Joer freeën.
Clemens Wintzer (President CLE): "Dëst Joer ass et een dräi Stären CSI a Kombinatioun mat engem ee Stären CSI. CSI steet fir ‘Concours saut international’, d’Stäre fir d’Schwieregkeet. Et geet vun engem Stär bis 5 Stären, mir sinn also am ieweschten Drëttel vun der Komplikatioun."
Fir d’Spectateuren ass den Entrée nach ëmmer gratis gewiescht. Dat huet direkt e puer Grënn.
Clemens Wintzer (President CLE): "Mir wëllen, datt jiddereen d’Méiglechkeet huet sech ee Bild vun engem internationale Reit-Turnéier zu Lëtzebuerg ze maachen. Fir eis ass et och wichteg, datt dëst a Kooperatioun mat der Gemeng Réiser ass a mat der Veräiner. Dass natierlech och d’Leit aus der Gemeng sollen hei hinner kommen."
Net nëmmen dat ënnerscheet d’Réiser Päerdsdeeg vu Kompetitiounen am Ausland, mee och d’Approche an d’Organisatioun sinn eng aner.
Julie Thiry (Organisatrice Réiser Päerdsdeeg): "Éischtens ënnerscheet eis, dass mir dat bal alleguerte benevole maachen an zweetens dass vill Leit vun eis och selwer reiden. Mir probéieren et also vu Reider fir Reider ze organiséieren."
De grousse Präis ass dëst Joer Sonndes de 15.Juni an et däerf ee gespaant sinn, wien um Ënn d’CSI 3 Stäre Kompetitioun gewanne wäert.