Hären dominéieren Island fir den Optakt vun der Silver League
Nodeems Gilles Braas a Co virun enger Woch an Andorra d'Goldmedail op de Spiller vun de klenge Länner gewanne konnte geet et dëse Weekend scho weider.
Um éischte vun 3 Tournoie vun der CEV Silver League spillen d'Rout Léiwen zu Bartreng am Centre Atert géint Island an Éisträich. Mat engem kloren 3:0 konnten d'Lëtzebuerger e gelongene Start an d'Serie feieren. D'Islänner, déi an Andorra nach e Saz géint Lëtzebuerg gewanne konnten, waren zu kengem Ament richteg geféierlech.
Am éischte Saz sinn d' Lëtzebuerger fréi a Féierung gaangen an de Lëtzebuerger Coach huet senger Startformatioun bis zum 25:18 vertraut. Am zweete Saz war d'Dominanz nach méi grouss an esou konnten och Max Funk an David Zehren e bësse Spillpraxis sammelen. De 25:15 huet de Lëtzebuerger esou vill Confiance ginn, datt si den Ufank vum drëtte verschlof hunn an onnéideg Feeler produzéiert hunn. En 0:4-Réckstand huet den éischten Temps-Mort fir Lëtzebuerg provozéiert. Frësch agestallt konnte Zuidberg a Gajin de Retard lues awer souverän nees gutt maachen. Um Enn war och den drëtte Saz mat 25:20 eng kloer Affär.
Top Scorer vum Match war de Mateja Gajin mat 18 Punkten, virum Chris Zuidberg (14) an dem Christian Galoppo (13). Um Sonndeg spillen d'Rout Léiwen um 18 Auer géint Éisträich, wat eng ganz aner Erausfuerderung wäert sinn.
FLVB-Damme verléiere knapps a Georgien (25-21, 29-31, 15-25, 25-22, 8-15)
Fir d'Dammeselektioun ass et schonn den zweete vun dräi Tournoien. Lescht Woch, also parallel zu de JPEE, war eng verjéngten Dammenekipp an Nordmazedonien am Asaz, wou si hir zwee Matcher géint d'Lokalekipp an d'Schwäiz allkéiers mat 0:3 verluer haten.
Elo sinn da Goldmedailegewënnerinnen vun Andorra a Georgien am Asaz, wou si um Freideg géint d'Heemekipp hu missen untrieden. Am selwechten Duell virun engem Joer gouf et eng 1:3-Defaite. Carla Mulli a Co haten e gudden Optakt an de Match erwëscht an den éischte Saz mat 25:21 gewonnen. Am zweete Saz waren d' Damme vum Fabio Aïuto nach mat 21:16 am Avantage, éier sech de Saz zu engem Krimi entwéckelt huet, deen um Enn mat 29:31 verluer goung. Nach net richteg verdaut, haten d'Rout Léiwinnen am drëtte Saz net vill ze gutt, dee si mat 15:25 hu missen u Georgien ofginn. Duerno goung et nees besser. D' Lëtzebuergerinnen haten e gudden Optakt an de véierte Saz, wou si vun Ufank un a Féierung waren an dës dann och mat engem 25:22 iwwert d'Distanz gerett hunn. Am decisive fënnefte Saz war d' Bild just ëmgedréint. Georgien hat de bessere Start an d'FLVB-Selektioun huet misse vill Risiko goen, fir de Retard opzehuelen. Dëse gouf awer net belount a Georgien wënnt de Saz mat 15:8.
Mat dësem 2:3 gewënnt Lëtzebuerg en éischte Punkt an der Silver-League-Saison 2025, wou d'Léiwinnen um Samschdeg, och zu Tiblisi, géint Lettland untrieden dierfen.
D'nächst Woch ass den Ofschloss-Tournoi fir d'Dammen zu Lëtzebuerg an der Coque, wou da mat Island an de Färöer Inselen zwee bekannte Géigner op eis Léiwinne waarden.