84 Punkten Avance – eigentlech kéint den Antonelli déi lescht 7 Weekender ganz entspaant ugoen. Mä Mercedes schéint ze struewelen. De grousse Malaysia-Update huet enttäuscht a beim Russell huet alt erëm ee Motor gestreikt. Gläichzäiteg hu Ferrari a virun allem Red Bull neien Elan fonnt. Virun enger Woch konnt de Verstappen zu Sepang esouguer seng éischte Saisonsvictoire feieren. Mee de Marina Bay Street Circuit ass ee schwaarze Fleck am Verstappen-Palmarès: keng Pole, keng Victoire, nëmmen 3 Féierungsronnen. Kann de Verstappen seng Singapur-Statistik dëst Joer opbesseren? Wéi gutt ka Ferrari sech aus der Affär zéien? A kann den Antonelli sech ee Matchball fir déi nächst Course zu Austin sécheren?
Suivéiert de FORMULA 1 SINGAPORE AIRLINES SINGAPORE GRAND PRIX 2026 live op RTL ZWEE an RTL PLAY.
Commentaire: Serge Pauly
Wéinst de strengen Anti-Piratage-Virschrëfte vun der Formel 1 sinn d’F1-Contenuen op RTL PLAY mat engem Login protegéiert. Wien d’Livestreamen an d’Replaye vun de Formel-1-Courssen op RTL PLAY kucke wëllt, muss sech mat sengem RTL-Benotzernumm an -Passwuert aloggen. Et brauch een awer och weiderhin näischt fir d’Formel 1 op RTL PLAY ze bezuelen.
Weider Informatiounen iwwer den RTL-Login, fir F1-Contenuen op RTL Play ze kucken...
Qualifikatioun, mir iwwerdroen de Programm vun RTL ZWEE um RTL Play
Well de Sprint zu Singapur wéinst dem Reen e Samschdeg eng hallef Stonn méi spéit ugefaangen huet, gouf och d’Qualifikatioun ëm eng hallef Stonn no hanne verluecht. Eis Emissioun op RTL ZWEE an RTL PLAY fänkt domadder um 15h25 un.
Samschdeg, 10. Oktober 2026:
Ufank vun der Emissioun: 15h25
Start vun der Qualifikatioun: 15h30
Viraussiichtlecht Enn vun der Emissioun: 16h40
Commentaire: Serge Pauly
Expert: Dominique Riefstahl
Course, mir iwwerdroen de Programm vun RTL ZWEE um RTL Play
Sonndeg, 11. Oktober 2026:
Ufank vun der Emissioun: 13h20
Depart vun der Course: 14h00
Viraussiichtlecht Enn vun der Emissioun: 16h30
Commentaire: Serge Pauly an Tom Hoffmann
Expert: Dominique Riefstahl
9. bis 11. Oktober: FORMULA 1 SINGAPORE AIRLINES SINGAPORE GRAND PRIX 2026
Marina Bay Street Circuit - Singapore
23. bis 25. Oktober: FORMULA 1 MSC CRUISES UNITED STATES GRAND PRIX 2026
Circuit of The Americas - United States
30. Oktober bis 1. November: FORMULA 1 GRAN PREMIO DE LA CIUDAD DE MÉXICO 2026
Autódromo Hermanos Rodríguez - Mexico
6. bis 8. November: FORMULA 1 MSC CRUISES GRANDE PRÊMIO DE SÃO PAULO 2026
Autódromo José Carlos Pace - Brazil
20. bis 22. November: FORMULA 1 HEINEKEN LAS VEGAS GRAND PRIX 2026
Las Vegas Strip Circuit - Las Vegas
27. bis 29. November: FORMULA 1 QATAR AIRWAYS QATAR GRAND PRIX 2026
Lusail International Circuit - Qatar
4. bis 6. Dezember: FORMULA 1 ETIHAD AIRWAYS ABU DHABI GRAND PRIX 2026
Yas Marina Circuit - Abu Dhabi