AXA League an der RTL Live ArenaDe Match Red Boys - Handball Esch ëm 20:15 Auer am Livestream

RTL Lëtzebuerg
E Samschdeg den Owend gëtt bei den Hären de komplette 6. Spilldag an der ieweschter Divisioun vum Handball-Championnat gespillt.

Déi véier Partië vun den Hären an der Axa League ginn alleguer e Samschdeg den Owend um 20:15 Auer ugepaff. D'Partie Red Boys géint den Handball Esch kënnt Dir am kommentéierte Stream an der RTL Live Arena kucken. Déi weider Matcher ginn onkommentéiert gewisen.

Bei den Dammen ass iwwerdeems nach eng Partie fir de Kont vum 5. Spilldag. Um 18:00 Auer kritt Dikrech et mam Museldall ze dinn.


De Livestream vu weidere Matcher aus der Axa League an der RTL Live Arena

De Programm vun all de Livestreamen aus der RTL Live Arena.

Back to Top
CIM LOGO