E Mëttwoch fänkt an der Slowakei d'U21-EM un. E puer Stonne virum Upëff huet d'Uefa eng Reegelännerung matgedeelt.

Déi europäesch Futtball-Unioun (Uefa) huet e Mëttwoch kuerz virum Start vun der U21-EM d'Bestrofung vu Golkippen, déi de Ball ze laang an hiren Hänn halen, geännert. Bis ewell gouf no engem Hale vu sechs Sekonnen en indirekte Fräistouss fir déi géigneresch Ekipp gepaff. Dës Reegel gouf awer nëmme seele konsequent ëmgesat.

Mam Optakt vun der U21-EM e Mëttwoch den Owend an der Slowakei gëtt dës Reegel elo geännert. Wéi d'Uefa e Mëttwoch matgedeelt huet, wäert den Arbitter der géignerescher Ekipp e Corner ginn, soubal de Golkipp de Ball méi laang wéi aacht Sekonnen an der Hand hält. "Den Arbitter wäert donieft e siichtbare Fënnef-Sekonne-Countdown notzen, fir de leschten Deel vun der Zäitlimitt ze signaliséieren."

"Dës Reegel gëllt vun haut u fir all UEFA-Competitiounen", sou nach d'Uefa. Domadder gëllt se och fir d'Champions League an d'Europa League. Bei der Club-WM an der Fraen-EM gëtt ze och ëmgesat.