1.611 Spectateuren haten de Wee op den Terrain fonnt.

E Freideg den Owend ass zu Walfer d'Finall vun der Coupe bei de Cadete gespillt ginn. De Swift Hesper huet d'Finall mat 4:0 géint de Stater Racing gewonnen.

D'Ekipp vun Hesper war an der 2. Halbzeit an Ënnerzuel an huet trotzdeem däitlech gewonnen. Domadder kënnen d'U17 vum Swift dës Saison den Doublé feieren.