Ëmmer méi Keelebunne verschwannen
D’Federatioun vun de Keelespiller (FLQ) ass houfreg, dass hire Sport zu Osaka bei der Weltausstellung a Vitrinn gesat gëtt.
Déi Responsabel wëllen awer drop opmierksam maachen, dass ëmmer méi Bunnen am Land verschwannen.
Zu Leideleng ob der Keelebunn goufe vill Matcher gespillt mee déi Zäite sinn, nodeems déi ofmontéiert ginn ass fir op Osaka ze fléien, definitiv eriwwer.
D’Leidelenger Bunn huet Chance. Sie kritt en neit Liewen mee déi Chance huet net all Keelebunn. Déi verschwannen ëmmer méi aus den Caféen. Net nëmmen Bunnen verschwannen mee domat och Lizenzen an Veräiner well ëmmer méi Keelespiller forcéiert ginn fir d’Schung un den Nool hänken. Wéi dës Grafik wéist.

Fir dem entgéint ze wierken organiséiert Keelefederatioun reegelméisseg Tournoien, dass, déi sougenannten National Keelespiller, vläicht op de Goût vum Sportkeelen oder dem Classic kommen fir dem Sport weider trei ze bleiwen.
De Jean-Marc Hoffmann, Vize-President vun der Lëtzebuerger Keelefederatioun: “70 Leit ware bei der leschter Editioun mat dobäi. Do ass e ganzen Dag wou Keelen hei (zu Péiteng) gespillt gëtt. Et ass ëmmer eng flott Ambiance a d’Leit si begeeschtert. Ech gesinn Hoffnung, dass, wa mir dat ganz un Leit eru bréngen, dass et besser geet.”
Keelebunnen am Café hunn keng grouß Zukunft. Fédératioun huet dowéinst och Hoffnung, dass dat tradionelt Keelenspill, aus dem Café an deenen moderen Centre Culturellen oder néien Sportkomplexer vläischt eng Plaz fënnt.
“Am Moment hu mir ganz gutt Beispiller, dat ass zu Éilereng op der Mess wou deen alen an néie Champion (Bieles 2000) spillt, do leien zwou Bunnen. Zu Dol hunn mir e flotten Bistro wou Gemeng opgeriicht huet wou och zwou Keelebunnen sinn. Rezent ass och, an dat ass duerch eise Kontakt zustane komm, dass zu Garnech an engem Fräizäitzenter eng Keelebunn mat opgemaach gëtt. Dat ass Zukunft.”
An deene leschte Joren ass Beweegung a munch Dossiere komm. Dowéinst wënscht sech Federatioun, dass och erhale vun de Keelebunnen u Wichtegkeet gewënnt.
De Jean-Marc Hoffmann: “Et war eng Randsportart. Et huet ee kee Congé sportif kritt. Dat huet sech geännert. An deene leschte Joren komme mir hei awer gutt ewech. De Sportsministère hëlleft eis vill an och den COSL... Do ass vill geschitt an deene leschten 15-20 Joer. An wann elo nach iwwert d’Ëffentlech Hand gehollef gëtt, iwwert Gemengen, fir eis Keelebunnen ze erhalen, da gesäit et gutt aus fir eise Patrimoine.”