Victoirë fir Dortmund an Inter Mailand

Den Jobe Bellingham stoung fir d'éischte Kéier an der Startopstellung an huet direkt säin éischte Gol fir Dortmund markéiert / © AFP
E Samschdeg den Owend an e Sonndeg de Moie fréi eiser Zäit war et d'Suite vum 2. Spilldag bei der Futtball-Club-WM an den USA.
Borussia Dortmund huet e Samschdeg den Owend seng éischt Victoire bei der Club-WM gefeiert. Géint Mamelodi Sundowns aus Südafrika huet sech de BVB laang schwéier gedoen, ma konnt sech um Enn och duerch e Gol vum Jobe Bellingham, dee fir d'éischte Kéier fir de BVB getraff huet, géint de südafrikanesche Champion mat 4:3 (3:1) duerchsetzen.
Un der Spëtzt vum Grupp F steet nom zweete Spilldag awer Fluminense, dat duerch e bessert Golverhältnis wéi de BVB. De brasilianesche Spëtzeveräin aus Rio de Janeiro huet Ulsan HD aus Südkorea mat 4:2 (1:2) geklappt. Ulsan ass duerch d'Néierlag eliminéiert.
Um leschte Spilldag spillt de BVB géint Ulsan. Fluminense kritt et mat Mamelodi ze sinn. De BVB, Fluminense a Mamelodi spillen nach ëm déi zwee Tickete fir d'K.o.-Phas.
Den argentineschen Topp-Club River Plate huet an der Nuecht op e Sonndeg d'Chance verpasst, fir sech fréizäiteg den Ticket fir d'K.o.-Phas ze sécheren. D'Ekipp aus Buenos Aires ass am Grupp E géint CF Monterrey aus Mexiko net iwwer en 0:0-Remis erauskomm an huet an der Nospillzäit och nach de Castano duerch Giel-Rout (90'+1) verluer.
Inter Mailand huet duerch en haart Stéck Aarbecht mat 2:1 géint Urawa Red Diamonds aus Japan gewonnen. Martinez mat engem Dramgol a Carboni mat engem spéide Lucky Punch hunn de Match zu Gonschte vun den Nerazzurri gedréint.
River Plate läit an der Tabell mat véier Punkte gläichop mam Champions-League-Finalist Inter Mailand, a kritt et um leschte Spilldag vun der Gruppephas mat den Italieener ze dinn. Monterrey läit zwee Punkten hannert dem Duo a kann duerch eng Victoire géint Urawa Red Diamonds aus Japan nach op eng vun den éischten zwou Plaze sprangen. D'Ekipp aus Japan ass eliminéiert.