Frankräich huet sech d'Olympesch a Paralympesch Spiller nawell eppes kaschte gelooss. D'Zomm soll bei 6 Milliarden Euro leien. Dat suergt fir Kapprëselen.

E Méindeg, also gutt 11 Méint nom Ufank vun den Olympeschen a Paralympesche Spiller 2024 zu Paräis, huet de franséische Rechnungshaff eng éischt konkret Schätzung verëffentlecht, wéi vill dat Ganzt kascht huet. Bal sechs Milliarden Euro un ëffentleche Gelder huet de franséische Staat sech de sportleche Spaass kaschte gelooss.

Deemno belafe sech déi reng Organisatiounskäschten op 2,77 Milliarden Euro, woubäi 1,4 Milliarde just fir de Beräich Sécherheet waren. D'Käschte fir d'Infrastrukture louche bei 3,19 Milliarden Euro.

Dës Zuele suerge fir Kapprëselen an Onverständnis beim Organisatiounscomité COJO. Dat wier "eng Zuel, déi a kengem Verhältnis zur Realitéit" steet, sou den OK-Finanzchef Fabrice Lacroix. Déi reell ëffentlech Käschte géife villméi bei "ronn zwou Milliarden Euro" leien. De Rechnungshaff hätt wuel wesentlech méi ëffentlech Käschten dobäigerechent. Ee Sträitpunkt wier zum Beispill de Kaf vun Dronen, déi bei den Olympia-Bilan dobäigerechent goufen. Dës sollen nämlech och no de Spiller agesat ginn.

En anere, grousse Knackpunkt kënnt nach dobäi an dat betrëfft d'Botze vun der Seine. De Rechnungshaff schätzt, dass bei déi 1,4 Milliarden Euro, déi d'Botzaktioun vun der Seine sollt kaschten, nach emol tëscht 200 Milliounen an enger Milliard Euro missten dobäigerechent ginn. D'Seine sollt jo fir d'Summerspiller "beschwammbar gemaach ginn.

Den OK-President Tony Estanguet, antëscht IOC-Member, huet de Rechnungshaff ferme kritiséiert an dat an engem Bréif u si zum Ausdrock bruecht. Deen hätt nämlech déi "positiv wirtschaftlech Auswierkunge vun e Spiller" net berécksiichtegt. Esou een Dokument ze séier ze verëffentlechen, géif fir Duerchernee suergen. COJO hätt a sengem Joresbilan nämlech e Gewënn vun 76 Milliounen Euro opweises an dat bei komplett privat finanzéieren Depense vu 4,4 Milliarden Euro.

Virun de Spiller hat de Rechnungshaff-President Pierre Moscovici an engem Rapport un d'Parlament dräi Milliarden Euro Käschte fir d'Steierzueler an Aussiicht gestallt. Wéi de Rechnungshaff elo matgedeelt huet, wieren d'Olympia-Käschten och virum Hannergrond vun de Wanterspiller 2030 zu Nice an an de franséischen Alpen vu Bedeitung.Do sollen jo dann och nees Milliarden-Depensen z'erwaarden.