Paul Pogba ënnerschreift bei Monaco

© AFP
Den 32 Joer jonke Fransous gouf 2023 positiv op Testosteron getest an ass doropshi fir véier Joer gespaart ginn.
Enn d'lescht Joer huet de Sportgeriichtshaf CAS d'Spär op 18 Méint reduzéiert. Zanter ronn dräi Méint ass de franséische Weltmeeschter vun 2018 nees spillberechtegt. En Dënschdeg huet hie säin neie Veräin bekannt ginn.
De Paul Pogba spillt an Zukunft fir d'AS Monaco. De Mëttelfeldspiller huet ee Kontrakt vun zwee Joer beim Veräin aus dem Fürstentum ënnerschriwwen. D'Ekipp vum Trainer Adi Hütter koum dës Saison op déi 3. Plaz am franséische Championnat an huet sech doduerch fir d'Champions League qualifizéiert.
Fir d'Lescht huet de Paul Pogba fir Juventus Turin gespillt. Duerch säi Wiessel fir 105 Milliounen Euro vun der Juve bei Manchester United war den 32 Joer jonke Fransous deemools den deierste Mëttelfeldspiller vun der Welt. 2022 hat hien du rëm bei der "Aler Damm" ënnerschriwwen.