De Progès huet de Stiermer en Dënschdeg op enger Pressekonferenz virgestallt.

Nom Transfert vum Samir Hadji vun Diddeleng op Déifferdeng huet ee weidere Buteur vun der leschter Saison an der ieweschter Divisioun am nationale Futtball een neie Veräin fonnt. No zwou Saisonen am Gréngewald huet de Kenan Avdusinovic beim Progrès Nidderkuer ënnerschriwwen.

De 27 Joer jonke Stiermer hat d'lescht Saison 17 Goler an 23 Matcher fir Hueschtert geschoss.