Chris Rodesch: "Een Dram, deen an Erfëllung geet"

© RAUL ARBOLEDA / AFP (Archiv)
Fir d'éischte Kéier steet de Chris Rodesch a senger nach jonker Karriär am Haapttableau vun engem Grand-Slam-Tennis-Tournoi.
En Donneschdeg de Mëtteg huet de Chris Rodesch den Exploit fäerdeg bruecht, fir sech fir den Haapttableau zu Wimbledon ze qualifizéieren. De Lëtzebuerger (ATP 163) huet sech a véier Sätz mat 6:3, 6:4, 0:6 a 7:6 (7:4) géint den Ungar Marton Fucsovics (ATP 103), deen an der Qualifikatioun op 1 gesat war an et 2019 schonn emol an d'Véierelsfinall gepackt hat, duerchgesat.
Fir de Chris Rodesch ass d'Victoire en Donneschdeg eng ganz besonnesch. "Ech sinn natierlech extreem frou, dass een Dram, deen an Erfëllung geet", sou de Rodesch kuerz nom Match an enger éischter Reaktioun RTL géintiwwer.
Fir de Chris Rodesch hat d'Partie richteg gutt ugefaangen an hie konnt déi zwee éischt Sätz fir sech entscheeden. Deen drëtte Saz ass du mat 6:0 u säi Géigner gaangen. No engem fréie Break huet de Chris Rodesch hei zu kengem Ament zu sengem Spill fonnt. "Et ass absolutt verdéngt, dass ech do 6:0 verléieren, dee Saz, well ech spille wierklech net gutt. [...] Herno och ab 4:0 hunn ech och e bëssen Energie gespuert, well ech wousst, jo, okay, dat hei gi véier Sätz oder fënnef Sätz. Dat heescht, et war och e bëssen, datt ech zwee Jeuxen och net wierklech probéiert hunn", sou de Lëtzebuerger.
E Freideg ass d'Auslousung fir den 1. Tour vum Haapttableau. Hei kéint de Lëtzebuerger och direkt op ee vun de ganz grousse Spiller am Härentennis treffen. E Wonschgéigner huet de Chris Rodesch awer net.
"Ech mengen net, datt ech elo am éischten Tour direkt géint dee grousse Spiller wëll spillen. Ech wëll natierlech weider hei gewannen. Mee bon, also ech huele wat kënnt. Et gëtt einfach extreem flott. Ech wäert dat genéissen. An herno d'Resultat kucke wat dobäi rauskënnt."
Nom Gilles Muller am Joer 2018 an dem Mandy Minella 2019 ass mam Chris Rodesch 2025 nees ee Lëtzebuerger am Haapttableau zu Wimbledon mat dobäi. Fir de Chris Rodesch ass et déi zweet Participatioun bei engem Grand Slam. Bei de French Open war hien am Mee am éischten Tour vun der Qualifikatioun eliminéiert ginn.