Mat de leschte Matcher an de Gruppe G an H war et den Ofschloss vun der Virronn. D'Éisträicher vu Salzburg hunn et dobäi net an d'KO-Phas gepackt.

Grupp G:
Manchester City ka sech am Duell ëm déi éischt Plaz am Grupp däitlech mat 5:2 géint Juventus Turin duerchsetzen. An der zweeter Partie, déi fir d'Galerie war, gouf et um Enn eng 2:1-Victoire fir Al-Ain aus de Vereenten Arabeschen Emirater géint Wydad AC aus Marokko.

Grupp H:
Real Madrid huet sech mat enger 3:0 Victoire géint Salzburg déi éischt Plaz am Grupp geséchert, an d'Éisträicher sinn domat ausgescheet, well an der anerer Partie vum Grupp gewënnt Al-Hilal aus Saudi-Arabien mat 2:0 géint d'Mexikaner vu Pachuca, a packt et domat nach op déi zweete Plaz vum Grupp.

Aachtelsfinallen:

Samschdeg 28.6.:
18.00 Auer: Palmeiras - Botafogo
22.00 Auer: Benfica - Chelsea

Sonndeg 29.6.:
18.00 Auer: PSG - Inter Miami
22.00 Auer: Flamengo - FC Bayern München

Méindeg 30.6.:
21.00 Auer: Inter Mailand - Fluminense

Dënschdeg 1.7.:
3.00 Auer: Manchester City - Al-Hilal
21.00 Auer: Real Madrid - Juventus Turin

Mëttwoch 2.7.:
3.00 Auer: Borussia Dortmund - Monterrey

All d'Tabellen am Iwwerbléck