England séchert sech den Titel géint Däitschland

© AFP
England an Däitschland hunn zu Bratislava ëm den Titel gekämpft. England wënnt um Enn an der Verlängerung 3:2 géint Däitschland.
D'Partie hat fir d'Englänner ideal ugefaangen. No grad emol 5 Minutte ware si duerch den Elliot a Féierung gaangen an den Hutchinson hat no 24 Minutten d'Avance op 2:0 gesat. Ma nach virun der Paus konnt Däitschland a Persoun vum Weiper de Réckstand verkierzen. No eppes méi wéi enger Stonn huet dunn den Nebel eis Noperen nees an de Match bruecht, andeem hien den 2:2 geschoss huet.
Mat deem Resultat sollt dann déi zweet Hallschent ofgepaff ginn an et huet missten an d'Verlängerung goen. Ganz änlech wéi am Ufank vun dëser Partie sinn d'Englänner besser an déi zousätzlech Minutte gestart an den Rowe huet no 92 Minutten d'Ekipp vun der Insel nees a Féierung bruecht. Dëst Kéier hat Däitschland awer keng Äntwert méi, esou datt England d'Finall zum Schluss mat 3:2 gewanne kann.