"Mir wëlle kee gewéinlechen Trail sinn"
Wann et 3 Kilometer laang duerch eng Minn geet, ass e Casque obligatoresch. Den Trail des Mines zu Rëmeleng ass eenzegaarteg.
Egal, ob ee sech fir den Tracé vun 14km, oder fir dee méi laange vun 20km decidéiert hat, um Enn vum Parcours goung et jeeweils déi 3 lescht Kilometer duerch d'Minn "Walert". Mee scho virdrun haten déi ronn 650 ageschriwwe Participanten et mat engem spektakuläre Parcours ze dinn. De Paul Zimmermann vun der asbl Escher Kulturlaf, déi den Trail des Mines fir déi drëtte Kéier organiséiert hunn, mat den Detailer iwwert den Tracé:
"Start ass beim Musée National des Mines, wéi d'lescht Joer, Richtung Carrière vun der Cimenterie, wou et e Stéck duerch d'Carrière geet. Dann iwwert eng gewësse Streck iwwer Esch an den Ellergronn, do duerch d'Minière vun der Cockerill an do laanscht déi al Seelbunn vun der Minière, Richtung Laangegronn, an dann den Highlight d'Minière vun 2.9 Kilometer. Do dra sinn et konstant 12°, do wou ee normalerweis just mam Zuch hikënnt, gëtt hei duerchgelaf."
Déi verschidde Gewënner
En Helm mat Luucht drop unzedoe war an der Minn obligatoresch. Iwwer 14 Kilometer konnt de Kevin Steffen vum Celtic Dikrech sech an enger Zäit vun 59:37 duerchsetzen, virum Eric Meyers an dem Sacha Rohmann. Éischtplacéiert Fra gëtt op Plaz 15 d'Camila Chavez, virum Anouk Geraets op Plaz 18 an dem Laura Grober op der 27. Plaz. 353 vun 413 Participanten hu sech iwwer 14 Kilometer klasséiert.
Mat enger Zäit vun 1:19:06 war de Max Lallemang iwwer 20 Kilometer dee Séiersten, virum Kevin Thill an dem Toni Veigas. Bei den Damme klasséiere sech d'Stana Bosic an d'Shefi Xhaferaj zäitgläich als Éischt op Plaz 24. 210 vun 237 Participante konnte sech iwwer déi laang Distanz klasséieren. Déi jeeweils 3 Éischtplacéierte kruten e Minièreshelm aus Gold, Sëlwer oder Bronze.
Limitéiert Startplazen
Well just eng bestëmmten Zuel u Leit an der Minn erlaabt si vun der ITM, ass d'Zuel vun de Startplaze limitéiert. A well den Trail des Mines kee gewéinleche soll sinn, dee gläichzäiteg de Musée des Mines promouvéiert, sinn déi maximal 650 Plaze séier fort gewiescht. De Paul Zimmermann huet sech no ville positiven Echoen zefridde gewise mat dëser drëtter Editioun, an et wäert d'nächst Joer sécher e weideren Trail des Mines ginn. D'Aschreiwunge wäerten Ufank 2026 opgoen.

© tdm.lu