Spuenien steet an de Véierelsfinallen, Portugal an Italien deele sech d'Punkten

© AFP
Op der Futtball-EM vun den Damme gouf et am 2. Match eng kloer 6:2-Victoire géint d'Belsch. Italien a Portugal hu sech iwwerdeems mat engem Remis getrennt.
De Weltmeeschter Spuenien huet seng zweet kloer Victoire bei der Futtball-EM vun den Dammen an der Schwäiz gefeiert. De Favorit vum Tournoi huet sech e Méindeg den Owend zu Thun mat engem däitleche 6:2 (2:1) géint d'Belsch duerchgesat. Well Portugal duerno zu Genf net iwwer een 1:1-Remis (0:0) géint Italien erauskomm ass, hunn d’Spuenierinne scho virum leschte Spilldag an der Gruppephas eng vun den éischten zwou Plazen am Grupp B sécher.
D’Alexia Putellas (22') hat Spuenien mat hirem zweete Gol bei dësem Tournoi a Féierung bruecht. Virun den Aen vum belsche Kinnek Philippe huet d’Äntwert vum belschen Underdog awer net laang op sech waarde gelooss: d’Justine Vanhaevermaet (24') huet nëmmen zwou Minutte méi spéit ausgeglach. Kuerz virun der Paus konnt Spuenien duerch d’Irene Paredes (39') erëm d’Féierung iwwerhuelen.
Awer d’Belsch huet net opginn: no enger VAR-Decisioun huet d’Hannah Eurlings (51') fir den 2:2 gesuergt. Direkt am Géigenzuch huet d’Esther González (52') mat hirem drëtten EM-Gol Spuenien nees a Féierung geschoss. Duerno hunn d’Mariona Caldentey (61'), d’Clàudia Pina mat engem Dramgol (81') an nach eng Kéier d’Putellas (86') de Score weider an d’Luucht geschrauft.
Zu Genf hunn Italien a Portugal sech en Duell op Aenhéicht geliwwert. An der zweeter Hallschent huet d’Cristina Girelli (70.) mat engem schéine Schoss aus der Distanz Italien a Féierung bruecht. Portugal huet an der Schlussphas staark op den Ausgläich gedréckt a gouf an der 89. Minutt duerch d’Diana Gomes belount – duerch den 1:1-Remis dierf Portugal weider vun der K.o.-Phas dreemen, och wann d'Chancë fir Italien, fir eng Ronn weider ze kommen, däitlech besser sinn.
Fir d’Belsch ass d’EM no der Gruppephas schonn eriwwer – duerch de Remis ass e weiderkommen net méi méiglech.