WM-Qualifikatioun géint IsraelPK: Kader-Presentatioun vun den FLF-Dammen vun 11 Auer un am Livestream

RTL Lëtzebuerg
Et ass déi éischt Pressekonferenz vum neien Trainerduo vun de Roude Léiwinnen.

En Donneschdeg um 11 Auer presentéiert den neien Trainerduo vun der Damme-Futtballnationalekipp, d’Cristina Correia an den Daniel Zirbes de Kader vun de Roude Léiwinne fir d’WM-Qualifikatiounsmatcher géint Israel am Grupp B4 vun der Nations League. Wéinst den aktuelle Spannungen am Noen Oste gi souwuel den Allers-, wéi och de Retourmatch op neutralem Terrain an Ungarn gespillt, dat de 14. an den 18. Abrëll.

Fir den Optakt vun der WM-Quali haten d’Rout Léiwinnen doheem mat 0:5 an auswäerts mat 0:7 géint Schottland verluer.

D’Futtballweltmeeschterschaft vun de Frae wäert vum 24. Juni bis de 25. Juli 2027 a Brasilien gespillt ginn.

Back to Top
CIM LOGO