
De Bob Jungels fiert zanter Joren op deem héchsten Niveau am Vëlossport a war d’lescht Woch fir déi 3. Kéier a senger Karriär am Tour duerch Katalounien dobäi. D’Ekipp Ines - Grenadiers konnt zwou Etappe gewannen. De Lëtzebuerger Coureur huet op der leschter Etapp opginn a preparéiert sech lo op Teneriffa op den Giro d’Italia vir. Am Kader vum Tour duerch Katalounien huet de Profi-Sportler sech Zäit geholl a stoung dem Chrëscht Beneké Ried an Äntwert, kuckt op seng Roll an der Ekipp, schwätzt vum Niveau vum Vëlossport am Allgemengen a freet sech, datt jonk Lëtzebuerger de Wee an d’World Tour fannen.