
E Mëttwoch den Owend goufen an der Coupe vun den Damme béid 1/2-Finalle gespillt.
Am éischte Match vum Owend huet sech de Racing mat engem klore 4:0 beim SC Ell duerchgesat. No de Goler vun der Amina Boissou an der Coraline Corplet war et scho mat enger 2:0-Féierung an d’Paus gaangen. Zwee weider Goler am zweeten Duerchgang, dorënner ee Selbstgol, sollten de Finall-Ticket fir d’Gäscht um Enn sécheren.
Parallel war et zu Mamer e gutt Stéck méi spannend, wou sech den FC Déifferdeng mat 5:4 nom Eelefmeterschéisse behaapt huet. Eng fréi Féierung fir d’Gäscht vun Déifferdeng duerch en Eelefmeter vun der Julia Battisti konnt d’Lokalekipp nëmme siwe Minutte méi spéit am Numm vum Betty Noel konteren. Direkt nom Säitewiessel gouf et dann déi Giel-Rout Kaart fir d’Mamer Spillerin Maëlya Bertholo, sou datt hir Ekipp quasi déi ganz zweet Hallschent an Ënnerzuel war. Mamer huet awer standgehalen a konnt sech bis an d’Eelefmeterschéisse retten. Do huet dann awer ee Feelschoss vu Mamer fir déi Déifferdenger Victoire gesuergt.
An der Finall kënnt et also zum Duell tëscht dem Racing an Déifferdeng.